Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Fourrière am Süde vum Land

A verschidde parlamentareschen Froen (n°5481, 5329, 4773, 4483, 2675, 676) gouf op den Ofstellproblem vun immobiliséierten Autoen am Süde vum Land agaangen. Zënter Joren sicht d’Police no engem Sitt, op deem ofgschleeften Autoen kënne sécher deposéiert ginn.

Dat Ganzt schéngt awer net esou einfach ze sinn, well: „Eng temporaire Leisung fir dei ganz Regioun Sud-Quest vum Land ass schweier ze fannen well se grouss, ofgesechert, iwwerwaacht an no genuch beim concerneierte Service misst sinn.“ (Äntwert op d’Fro n°2675)

Esou muss ee feststellen, dass et mat den aktuelle Krittäre vu Gréisst, Sécherheet, Iwwerwaachung a Proximitéit bal onméiglech schéngt, fir kuerzfristeg eng effikass Léisung ze fannen. An eisem Nopeschland, der Belsch, huet een änlech Problemer. Hei schafft d’Police enk zesumme mat Ofschleefdéngschter, déi d’Autoen ofschleefen an da bei hinnen op disponibele Platze behalen, bis de Besëtzer vum Gefier et siche kënnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Gëtt d’Praxis, wéi se an der Belsch ze gesinn ass, och schonn zu Lëtzebuerg ugewannt?
    Falls nee, ass et fir de Minister eng Optioun fir d’Autoen op fräie Parkplaze vu Privatentreprisen (Garagisten, Concessionnairen, Ofschleefdéngschter) ofzestellen, bis een definitive Standuert fir d’Fourrière disponibel ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5887

https://piraten.lu/fourriere/
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert