Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Luuchten ob den Autobunnen

En Artikel vum Lëtzebuerger Wort aus dem Joer 2019 thematiséiert den Ofbau vun de Luuchtepottoen op verschidden Autobunne – dorënner ee Segment op der A13 tëschent dem Tunnel Aessen an dem Tunnel Eilereng, wou ob engem ronn zwee Kilometer laangen Ofschnëtt d’Luuchtepottoen ewechgemaach goufen. Och ob der A1 gouf d’Beliichtung op enger Streck vu bal 5 Kilometer tëschent dem Tunnel Houwald a Sandweiler demontéiert. D’Moossnam gouf geholl mam Argument, dass d’Beliichtung vereelzt gewiescht wier an d’Ersatzdeeler net méi produzéiert goufen. Gläichzäiteg sollt duerch dës Moossnam d’Liichtverschmotzung reduzéiert ginn an och Energie gespuert ginn. Et ass net déi éischte Kéier, dass esou Aarbechten ënnerholl goufen. Schonn 2014 goufen ob der A6 an der A13 ronn 600 Beliichtungsmasten demontéiert, och opgrond vun hirem Alter.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Luuchtepottoe goufen, säit Amtsuntrëtt vum Minister am Joer 2013, op den Autobunnen demontéiere geloos?

  2. Wéi vill Kilometer Autobunn sinn doduerch net méi beliicht ? 

  3. Ass an Zukunft virgesinn, op weideren Autobunnssegmenter d’Luuchtepotoen ewechzehuelen?

  4. Wéi vill KWh pro Joer zousätzlech Aspuerungen goufen duerch d’Ofmontéirung vun de Luuchtepottoen säit Amstuntrëtt vum Minister enregistréiert? Ob wéi vill Euro belaafe sech dës järlech Aspuerungen?

  5. Ob wéi vill KWh schätzt den Energieminister de Verbrauch vun der gesamter Infrastruktur vun der ëffentlecher Beliichtung? 

  6. Goufen Etude gemaach, fir ze ermëttelen, ob d’Reduzéierung vun der Liichtverschmotzung an der Ëmgéigend vun de concernéierten Autobunnen e positiven Effekt op d’Awunner an/oder op d’Déierewelt hat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6257

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert