Connect with us

Finanzen & Steieren

Beschlagnahmung vun Fligeren

Wéi an däitsche Medien ze liesen ass, plangt d’USA d’Fligeren, déi am Besetz vum Roman Abramowitsch sinn, ze beschlagnamen. De „Warrant of Seizure“ nennt dann och d’Gulfstream Maschinn LX-RAY, déi ënnert Lëtzebuergeschem Fändel flitt. Den amerikanesche Justizministère huet aktiv Schrëtt ugekënnegt, fir an de Besetz vun dëse Fligeren ze kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’USA schonns offiziell zu Lëtzebuerg ugefrot, fir de Gulfstream ze beschlagnamen?

  2. Wat fir Konsequenze wäert dës Initiativ vun den USA op Lëtzebuerg hunn?

  3. Wéi plangen d’Lëtzebuerger Autoritéiten d’USA bei der Beschlagnamung z’ënnerstëtzen? Si scho Mesurë geholl ginn oder geplangt?

  4. Wéi eng Schrëtt hunn d’Ministèren ënnerholl, fir Lizenze vun de Fligere vun Oligarchen ze entzéien an dës Fliger ze blockéieren?

  5. Sinn nach weider Fligeren ënner Lëtzebuerger Lizenz déi Gefor lafe vu Sanktioune getraff ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6309

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert