Connect with us

Justiz

FRO.LU: Privatdetektiven

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Bei engem Privatdetektiv handelt et sech ëm eng Persoun, déi als Selbstännege géint Bezuelung Ermëttlungen duerchféiert. Geet et dobäi meeschtens em finanziell Streidegkeeten, sou kann et virkommen, dass sech d’Privatdetektiven wärend hiren Ermëttlungen a legale Grozone, voire an der Illegalitéit, beweegen. Virun allem aus Filmer a Bicher bekannt, stelle Privatdetektiven allerdéngs keng Fiktioun duer. Si offréieren Servicer, op déi theoretesch all Mënsch zeréckgräife kéint. Sou geet eng Internetrecherche duer, fir eng Rëtsch vun Ubidder vun esou Servicer am Raum vun der Groussregioun ze fannen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei ee Gesetz reegelt de legale Kader fir d’Professioun vum Privatdetektiv a wéi eng ethesch Grondprinzippien musse si respektéieren?

  2. A wéi fern dierfe Privatdetektiven op d’Date vun enger anerer Persoun zeréckgräifen?

  3. Wat sinn d’Ausbildungskritärren, fir de Beruff vum Privatdetektiv ausüben ze kënnen?

  4. Wéi kann ee Bierger sech dogéint schützen, wann e mierkt, dass een Detektiv op en ugesat ass? Wat fir Ulafstelle kënne Bierger a sou engem Fall consultéieren?

  5. Sinn der Ministesch Fäll bekannt, an deenen Amts-/Mandatsträger oder Staats-/Gemengebeamte vu Privatdetektive ausspionéiert goufen? Falls jo, wéi oft gouf dëst konstatéiert a wat fir Mesure goufe geholl?  

  6. Wéi vill Fäll goufen et an de leschte 5 Joer, wou Privatdetektive vun hiren Zilpersounen ugesicht goufen?

  7. Kann et virkommen, dass d’ëffentlech Hand op Servicer vu Privatdetektive zeréckgräift? Falls jo, wéi oft ass dëst an de leschte 5 Joer virkomm a wei eng ëffentlech Instanze waren den Optraggeber? 

  8. Kënnt et och vir, dass de SREL oder d’Police mat Privatdetektiven zesummeschaffen?

Fro n°6327

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6327

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert