Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Saisie op d’Remboursementen vun der CNS

Am Rapport 2020 vum Ombudsmann gëtt e Fall thematiséiert, an deem d’Steierverwaltung eng Saisie op d’Remboursementer vun Dokteschrechnunge gemaach huet, fir eng Steierschold bei enger Persoun anzedreiwen.  Och wann ee Remboursement vun der CNS ee Revenu duerstellt, esou ass dach ze bedenken, dass d’Remboursementer d’Zil hunn, dass keng Persoun zu Lëtzebuerg soll op medezinesch Versuergung verzichten opgrond vu Geldmangel. Saisien op de Remboursementer vun de Krankekees kéinten d’Bierger zwéngen, manner gesondheetlech Traitementer an Usproch ze huelen an hier Gesondheet vernoléissegen ze mussen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft goufen an de vergaangene Jore Saisien op Remboursementer bei der CNS gemaach? Wéi vill Sue goufen hei all Joer saiséiert?

  2. Ass d’Regierung der Meenung, dass Saisien op Remboursemente vun der CNS mat hire gesondheetspoliteschen Ziler vereenbar a moralesch vertrietbar sinn? 

  3. Wäert d’Regierung dofir suergen, dass d’Saisien op Remboursementer vu Krankekeesen ofgeschaaft oder begrenzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5335

Continue Reading