Digitalisatioun & IT
Wéi geet de Staat mat Kryptowärungen ëm?
Duerch dat ëmmer gréisstert Opkomme vu Kryptowärungen, kënnt och de Lëtzebuerger Staat an seng Beamten ëmmer ëfters mat dësen a Kontakt – z. B. am Kader vum Steierrecht oder wann et zu Saisië kënnt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Am Fall wou de Staat Kryptowärunge beschlagnaamt, wéi ginn dës Wärunge stockéiert? Besetzt de Staat eng Wallet an där d’Coins gespäichert ginn?
-
Am Fall wou de Staat dës Wärungen net selwer stockéiere géif, mee op extern Firmen zréck géif gräifen, kann d’Regierung d’Modalitéite vun dëser Zesummenaarbecht erklären? Wéi gëtt/géif dësen externe Service Provider kontrolléiert (ginn)?
QP Nummer 5082