Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Kënnt eng nei Eisebunnsënnerféierung zu Péiteng?

An der Äntwert op parlamentaresch Fro n°5766 zum Wunnprojet am Zentrum vu Péiteng huet de Logementsminister geschriwwen, dass aktuell iwwerluecht gëtt, fir d’Eisebunnsënnerféierung duerch e méi groussen Ouvrage z’ersetzen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister Informatiounen dozou ginn, wéi dës Ënnerféierung herno soll ausgesinn? Wéi vill Meter kéint een an der Breet an Héicht hei fir de Stroosseverkéier gewannen?

  2. Wéi laang kéinten esou Aarbechten daueren a wéini ass mam Start vun den Aarbechten ze rechnen?

  3. Wäert de Projet vun der Eisebunnsënnerféierung onofhängeg vum Start vum Wunnprojet Ecosider realiséiert ginn?

  4. Wéi laang wäert d’Zuchverbindung tëscht Péiteng, Rolleng, Rodange, Athus a Longwy duerch dës Aarbechte beanträchtegt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5977

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert