Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Iwwerschwemmungen – Wat gouf un Hëllefen ausbezuelt?

De Finanzminister ass a senger Ried beim Depot vum Budget fir d’Joer 2022 op d’Iwwerschwemmunge Mëtt Juli zu Lëtzebuerg agaangen:  ““D’Iwwerschwemmungen déi mir den 14.-15. Juli zu Lëtzebuerg erlieft hunn, weisen datt d’Konsequenzen vum globalen Klimawandel scho längst hei zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Och hei huet d’Regierung direkt gehandelt, an eng Enveloppe vun 100 Milliounen Euro gouf séier deblockéiert.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Laut der Äntwert op d’QP 4857 hunn 52 Entreprisen eng Ufro fir Hëllefen no den Iwwerschwemmunge gemaach. Laut Äntwert op d’Fro n° 4793 hunn 156 Entreprisë Kuerzaarbecht wéinst den Iwwerschwemmungen ugefrot. Wéi vill Aiden u Betriber, déi vun den Iwwerschwemmunge getraff waren, goufe bis elo ausbezuelt (opgelëscht no dem Mount, an deem d’Aiden ausbezuelt gouf)?

  2. Wéi laang hunn d’Betriber an der Moyenne missen nom Areeche vun enger Demande op ee Versement vun den Aide waarden? Wat war hei dee kierzten Delai? Wat war de längsten?

  3. Wéi vill Aiden si bis elo u privat Persounen ausbezuelt ginn, déi vun den Iwwerschwemmunge getraff waren (opgelëscht nom Mount, an deem d’Aiden ausbezuelt goufen)?

  4. Wéi laang hu Privatpersounen an der Moyenne missen nom Areeche vun enger Demande op ee Versement vun den Aide waarden? Wat war hei dee kierzten Delai? Wat war de längsten?

  5. Wéi vill Demanden vu Betriber sinn net aktzeptéiert ginn? Wat waren hei d’Haaptgrënn?

  6. Wéi vill Demande vu Privatpersounen sinn net aktzeptéiert ginn? Wat waren hei d’Haaptgrënn?

  7. Wéi vill vun der Enveloppe vun 100 Milliounen Euro fir d’Iwwerschwemmungsaffer gouf schlussendlech ausbezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5105

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert