Connect with us

Questions parlementaires

Drénkwaasserleitung zu Péiteng (Dhoil)

De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll kaschten.  Laut de presentéierte Pläng soll dës Leitung vum Beräich vum Scoutschalet bis un de Site vum Fond-de-Gras gefouert ginn.  Vun do féiert d’Leitung och laanscht een ëmstriddenen Hotel-Projet am Dhoil, dee vun dëser 300.000€-Leitung profitéiere wäert. Den Ëmweltministère hat den 13te Juli 2022 op Basis vum Naturschutzgesetz eng Autorisatioun ginn, déi de Bau vum Hotel am Dhoil zu Rodange erlaabt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Waasserleitung féiert duerch een Natura2000-Schutzgebitt: wéi eng weider Moossnahmen muss de Bauhär (hei d’Gemeng) an dësem Kontext ergräifen?

  2. Ass d’Gemeng Péiteng am Virfeld un den zoustännege Ministère erugetrueden, fir eng Autorisatioun oder en Accord fir dës Waasserleitung an eventuell zukünfteg Uschlëss ze kréien?

  3. Ass de Site, wou den Hotelprojet am Dhoil geplangt ass (Parzellnummer 1376/6428 an déi ëmleiend Parzellen), aktuell schonn un den Drénkwaasserreseau ugeschloss?

  4. Dierf dës Waasserleitung fir aner Gebaier oder Projeten am Beräich vum Dhoil oder Fond-de-Gras genotzt ginn?

  5. Falls den Hotelprojet am Dhoil un dës nei Leitung ugeschloss gëtt: wéi gëtt garantéiert, datt d’Käschte vun dëser Infrastruktur net integral vum Steierzueler gedroe ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4131

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert