Connect with us

Infrastruktur & Landentwécklung

Wie kontrolléiert d’Asblen?

Biergerinnen a Bierger kënne bei hirer Steiererklärung uginn, dass si eng Spend vu mindestens 120€ un eng agreéiert Asbl gemaach hunn. Um Site vun der Steierverwaltung fënnt een d’Nimm vun all den unerkannten Asblen (https://impotsdirects.public.lu/fr/az/l/libera_dons.html#releve%23releve). Verschidden Organisatioune si scho säit Joerzéngten op dëser Lëscht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt eng Kontroll gemaach vun den Associatiounen op der Lëscht, fir z’iwwerpréiwen, ob si nach ëmmer all agreéiert sinn?

  2. Wéi ginn Daachverbänn kontrolléiert, déi d’Spenden un aner Associatioune kënne weiderleeden? 

  3. Wéi gëtt kontrolléiert, dass eng Persoun, déi Member vun enger Asbl ass, keng Spende steierlech ofsetzt, vun där si spéiderhi perséinlech profitéiere kann?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5314

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert