Connect with us

Déiereschutz

FRO.LU: Fuuss zu Kiehlen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Wei aus enger Pressematdeelung vun der Naturverwaltung vum 22.11.2021 ervir geet, ass de Kielener Fuuss, deen anscheinend 3 Leit gebass huet, gefaange ginn, an – nodeems en erschoss ginn ass – negativ op Staupe an Tollwut getest ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hätten dës Analysen och un engem liewegen Deier kéinte gemaach ginn?  • Wa jo, firwat gouf decidéiert, d’Deier z’erschéissen nodeems et schonn agefaange war?  • Hätt een d’Déier net kënnen aschléifere loossen?

  2. Am Communiqué vun der Regierung heescht et: „[Es] wurde seitens der Naturverwaltung entschieden, das entsprechende Tier umgehend aus dem Gebiet zu entnehmen. Hierfür stellte die Naturverwaltung am 7. November eine Falle in unmittelbarer Nähe des Ortes des dritten Bissvorfalls auf. Da Füchse territorial sind, sollte auf diese Weise sichergestellt werden, das richtige Tier zu fangen.“ Wéi sécher ass sech d’Veterinärsverwaltung, dass dat richtegt Deier gefaange gouf?

  3. Ënnert wéi enge Konditiounen entscheet d’Naturverwaltung, dass een Deier soll gefaange ginn?

  4. Ënnert wéi enge Konditiounen entscheet d’Naturverwaltung, dass een Deier soll erschoss ginn?

  5. Ënnert wéi enge Konditiounen entscheet d’Naturverwaltung, dass een Deier soll lieweg bestëmmten Tester ënnerzu ginn?

Fro n°5315

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5315

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert