Infrastruktur & Landentwécklung
Wunnprojet „Ecosider“ zu Péiteng
Am Péitenger Zentrum, net wäit vun der Gare, läit eng 5 Hektar grouss Parzell mat der Kadasternummer 1177/8197, déi zënter Joren dem Staat gehéiert. Dës Parzell ass, zesumme mat den Terraine ronderëm, am PAG als Wunnzon klasséiert an se gëtt souguer am Plan directeur sectoriel « logement » als zone prioritaire d’habitation opgefouert. D’Weiche sinn also geluecht. Ech stellen allerdéngs fest, dass op där Parzell bis haut nach keng eenzeg Wunne gebaut gouf.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Zënter wéini gehéiert d’Parzell 1177/8197 zu Péiteng dem Domaine de l’Etat?
-
Wou hänkt de Projet? Firwat hunn op deem 5 Hektar groussen Areal net scho längst Bauaarbechten ugefaangen?
-
Bis wéini gedenkt Regierung déi éischt Wunnengen op dësem Terrain bezuchsfäerdeg ze hunn?
-
Wéi vill Wunnengen kéinten insgesamt op dëser Parzell entstoen?
QP Nummer 5766