Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Publikatioun vun de Froen vu Gemengeconseilleren

Nom Artikel 25 vum Gemengegesetz dierfen d’Gemengeconseillere schrëftlech Froen un de Schäfferot an de Buergermeeschter stellen. D’Gesetz gesäit een Delai vun engem Mount vir, bis eng Äntwert muss virleien. All aner Aspekter betreffend de Froe ginn an engem interne Gemengereglement gereegelt.
Verschidde Gemenge publizéieren d’Froen an d’Äntwerten integral an transparent op hirer Website, anerer publizéieren se am Gemengebuet an aner Gemenge publizéieren se guer net – wat net wierklech dem Transparenz-Gedanken entsprécht, mee mat deem aktuellen Gesetzestext awer vollkomme legal ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Inneministesch generell der Meenung, dass d’Froen nom Artikel 25 prinzipiell op alle Kanäl vun der Gemeng missten verëffentlecht ginn oder fënnt si den aktuelle Dispositif esou, wéi en aktuell ass, transparent an equilibréiert?

  2. Ass d’Inneministesch och der Meenung, dass an enger digitaler Welt vum 21ten Joerhonnert d’Froen an d’Äntwerte vun de politeschen Interaktiounen an der Gemeng integral missten op der Website vun der Gemeng verëffentlecht ginn?

  3. Wäert d’Inneministesch fir méi Transparenz an dësem Beräich ze suergen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5728

Continue Reading