Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Gebrauch vum Huis Clos a Gemengerotssëtzungen – Nofro

An der Fro 5365 hat ech der Inneministesch verschidde Froen iwwert de Gebrauch vum Huis Clos am Gemengerot gestallt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Ministesch erkläert, dass den Inneministère guer keng Donnéeën iwwert de Huis clos erhieft an dass d’Gemengegesetz a sengen Artikelen 19 an 21 de Gebrauch vum Huis clos reegelt.
    1. Wéi oft huet den Inneministère, als Autorité de Tutelle, an de leschten 10 Joer Gemengerotsdecisiounen annuléiert, well d’Dispositiounen vum Huis clos net respektéiert goufen? (Art. 103 an 104 vum Gemengegesetz)
    2. Wéi oft huet d’Justiz an de leschten 10 Joer Gemengerotsdecisiounen annuléiert?
    3. Wéi oft huet d’Justiz an de leschten 10 Joer Decisioune vum Inneministère betreffend Gemengerotssitzungen annuléiert?

  2. D’Inneministesch bestätegt an hierer Äntwert, dass informell Aarbechtssëtzungen däerfen ofgehale ginn. Wéi eng legal Dispositiounen am Gemengegesetz oder auswäerts reegelen dës informell Aarbechtssitzungen a wéi eng Inhalter dierfen deemno an informellen Aarbechtssëtzungen behandelt ginn? 

  3. Den Artikel 21 vum Gemengegesetz präziséiert als Grond fir de Gebrauch vum Huis clos „des considérations d’ordre public ou à cause d’inconvénients graves“. An der Sitzung vun der Gemeng Déifferdeng vum 27ten Oktober 2021 gëtt vun engem „kontroversen Thema“ geschwat. Ass d’Konditioun vum Artikel 21 an den Ae vum Inneministère, domadder erfëllt an ee Huis clos an esou engem Fall berechtegt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5727

https://piraten.lu/hannert-zouenen-dieren/
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert