Connect with us

Mobilitéit

Käschte vum Tanktourismus

Am Mee 2016 huet den Dieter Ewringmann am Optrag vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung eng Etüd iwwert den Tanktourismus verëffentlecht. An dëser Analyse huet de Professer fir Finanzwëssenschafte festgestallt, dass den Tanktourismus Lëtzebuerg méi kascht, wéi en eis u Recetten abréngt. 3,5 Milliarden u järleche Käschte stoungen 2,1 Milliarden un Einname géigeniwwer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Studie vun 2016 gouf och gekuckt, wat den Ausstouss vun CO2 eist Land kascht. Deemno soll 2010 eng Tonn CO2 ronn 120€ Ëmwelt- a Klimakäschte veruersaachen (woubäi de Präiss haut natierlech ee gudd Stéck driwwerläit). Op Basis vun der Rechnung aus der Etüd, wéi schätzt d’Regierung d’Käschtenentwécklung zënter 2010 an?

  2. Wéi vill CO2-Zertifikater misst Regierung kaafen, fir d’Emissiounen aus dem Tanktourismus ze kompenséieren a wat fir zousätzlech Käschten géing dat fir d’Staatsausgabe bedäiten?

  3. Existéiere Studien, déi analyséiert hunn wéi vill den Tanktourismus déi betraffe Gemenge kascht (zum Beispill d’Ofnotzung vun den Infrastrukturen, wéi zB. Stroossen an Tankstellen)?

  4. Huet d’Regierung weider neier Studien no der vum Professer Ewringmann an Optrag ginn, fir d’Situatioun vum Tanktourismus hei am Land weider z’evaluéieren? Wa jo, wéi eng Studie waren dëst?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5453

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert