Connect with us

Mobilitéit

Verkéierssituatioun um Kierchbierg

Zënter e puer Joren ass den Tram an der Stad elo schonns a Betrib a verbënnt mëttlerweil de Kierchbierg mat der Stater Gare. Den Impakt vum Tram sollt jo sinn, fir d’Verkéiersgeschéihen an der Stad ze berouegen, also d’Zuel vun den Autoen a Busser an der Stad ze reduzéieren. Dernieft gouf och de Busreseau (RGTR) komplett reorganiséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi een Impakt hat d’Inbetriebnahm vum Tram bis haut op d’Verkeiersgeschéihen an der Stad an um Kierchbierg? Aneschters ausgedréckt: fueren haut manner Autoen a Linnebusser an d’Stad an um Kierchbierg ewéi virun der Inauguratioun vum Tram?

  2. Wéi vill Linnebusser zirkuléieren aktuell am Duerchschnëtt nach um Kierchbierg, opgelëscht nom
    • Boulevard JF Kennedy?
    • Boulevard Konrad Adenauer?
    • Circuit de la Foire?

    Wéi vill Passagéier ginn op deenen eenzele Bus-Strecke pro Joer transportéiert?

  3. D’Regierung hat 2021, entgéint vun deem, wat nach am Koalitiounsaccord ugekënnegt gouf, décidéiert, dass d’Luxexpo schlussendlech awer op hirem aktuelle Site wäert bestoe bleiwen. Ass virgesinn, dass um Site vun der Luxexpo méi Busparkplaze sollen entstoen, fir dass all d’Buslinnen, déi um Kierchbierg hiren Terminus hunn, och do kënne parken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5448

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert