Connect with us

Mobilitéit

Autosplacken

Um Site vun der SNCA (Société Nationale de Circulation Automobile) ginn déi verschidde Formater vun Autos- a Motosplacken, déi zu Lëtzebuerg kënnen immatrikuléiert ginn opgelëscht. Fir déi Autosplacken, déi no 2003 ugefrot gi sinn, muss d’Konditioun erfëllt sinn, dass 5 Chifferen oder 2 Buschtawen a 4 Chifferen drop stinn. D’SNCA Dokument präziséiert net, wéi mat deene Placken ëmgaange gëtt, déi net op der Lëscht stinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Formater sinn haut nach am Ëmlaf, déi net Deel vun den haut nach immatrikuléierbare SNCA-Placke sinn?

  2. Wéi vill vun dëse Placke sinn aktuell nach am Ëmlaf?

  3. Mengen Informatiounen no, kënnen dës eeler Placken net méi op aner Autoen oder Motoen transferéiert ginn. Kann de Minister erklären, firwat dëst de Fall ass, an ob et hei net méiglech wier, dës Placken awer nach am Ëmlaf ze halen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6347

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert