Digitalisatioun & IT
„Lët’z fight Omicron“ Campagne
Et gesäit een se an den Zeitungen, als Reklamm um Internet an op Affiche bei de Busarrêten. Ried ass vun der Affiche „Lët’z fight Omicron“.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Agence gouf mam Ausschaffe vun der Affiche „Lët’z fight Omicron“ beoptraagt?
-
Wéi vill huet d’Ausschaffe vun dëser Affiche kascht?
-
Wéi ee Montant ass fir d’Publicitéit virgesinn?
-
Gouf dës Campagne ausgeschriwwen?
QP Nummer 5476