Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

Iwwerschwemmunge Juli bis haut- Wat gouf verbessert

Vum 3ten op de 4te Januar war Lëtzebuerg erëm mat Iwwerschwemmungen duerch Starkreen geplot. Plazeweis waren iwwer 50 l/m2 gefall an et hunn erëm Stroossen a Parkinge musse gespaart ginn. Wéinst den Iwwerschwemmunge vum leschte Juli, si plazeweis d’Leit elo méi nervös, wann grouss Quantitéiten u Nidderschlo gemellt sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn zënter Juli 2021 Verännerungen a punkto Wiederwarnungen gemaach ginn? 

  2. Ass d’GovAlert App schonn iwwerschafft ginn?

  3. Preparéiert de CGDIS sech haut anescht op gemellte Starkreen ewéi nach viru 7 Méint?

  4. Goufen an deene leschte Méint Commande fir zousätzlecht Material (Sandsäck, mobill Barrikaden, etc.) gemaach, fir d’Waasser am Fall vun Iwwerschwemmunge besser zeréckdrängen ze kënnen?

  5. An der Äntwert op d’Fro no°4672 ass erkläert ginn, dass Lëtzebuerg an Zukunft kéint op de Wee vun Alerten iwwert SMS-Systemer oder de Cell Boradcast goen. Wou sinn dës Projeten am Moment drun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5468

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert