Connect with us

Mobilitéit

Werbebildschiermer nieft de Stroossen

Een Artikel am Tageblatt vum 27ten Oktober thematiséiert d’Opstelle vu grousse Werbebildschiermer an de Sécherheetsrisiko, deen domadder fir Automobilisten am Stroosseverkéier anhirgeet. Rezent gouf mam Bau vum GridX zu Steebrécken esou eng Werbetafel opgestallt. „Es ist fast unmöglich, beim Vorbeifahren nicht auf den Screen zu schauen. Auf Tageblatt-Nachfrage, ob das die Fahrer ablenkt, lautet die Antwort der Straßenverwaltung schlicht: „Nein.“ […] Neben der Autobahn ist das nicht nur potenziell gefährlich, sondern schadet auch dem Landschaftsbild – und ist eine weitere Quelle der Lichtverschmutzung.“ Verschidde Gemengen hunn d’Opstelle vun esou Bildschiermer an der Vergangenheet verbueden, grad aus Grënn vun der Verkéierssécherheet, an et schéngt deemno keng eenheetlech national Reegelung ugewannt ze ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf egal wien op sengem Terrain eng Werbetafel opstellen? 

  2. A wéi enge Situatioune ka Ponts et Chaussées d’Opstelle vu Werbetafele verbidden? 

  3. Ab wéini bewäert d’Ponts et Chaussées, dass d’Sécherheet fir de Stroosseverkéier duerch eng Werbetafel beanträchtegt ass?

  4. A wéi enge Situatioune kënnen d’Gemengen d’Opstelle vu Werbetafele verbidden? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3117

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert