Drockopträg beim Staat

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°881 goung ervir, dass de Verbrauch an d’Käschte vum Pabeier beim Staat relativ stabil bliwwen ass. Och wa verschidde Prozeduren digitaliséiert ginn, esou setzt de Staat aktuell nach vill op de Pabeierdrock fir zum Beispill Informatiounsbroschüren hierzestellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt:

  1. Wéi sinn d’Drockopträg beim Staat gereegelt? Gi gréisser Drockopträg iwwert ee Marché public bestëmmt oder existéiert eng Konventioun tëscht dem Staat an engem Fournisseur? 
  2. Kann d’Regierung eis eng Lëscht vun den Drockopträg opstellen, dëst opgeschlësselt no 
    • Joer (vun 2012 bis 2019), 
    • no Fournisseur (D’Dréckerei)
    • a nom Käschtevolume fir all d’Opträg vum Fournisseur fir dat Joer?
  3. Setzt d’Regierung bei den Drockopträg dorobber, dass de Fournisseur Recyclingspabéier benotzt? 
    • Falls nee, wéi vill Prozent vun den Opträg ginn op normalem Pabeier gedréckt?
  4. Ginn bei den Drockopträg Faarwen op Uelegbasis benotzt?
    • Falls jo, wisou setzt d’Regierung hei net op planzlech Faarwen?
  5. Ginn Drockprodukter, déi net méi gebraucht ginn, recycelt?
  6. Gëtt bei den Drockopträg och d’Nohaltegkeet vum Fournisseur consideréiert, wéi zum Beispill d’CO2-Bilanz?

Wéi gutt ginn Déierenziichter kontrolléiert?

D’Zuucht vun souwéi den Handel mat Déieren sinn zu Lëtzebuerg gängeg Methoden fir Suen ze verdéngen. Déierenziichter vun hei oder aus dem Ausland bidden op Internetbörsen verschidde Sorten vun Déieren un, vun Hënn, iwwer Kaazen bis Goldfësch. D’Präisser reechen, je no Déier, vun e puer Euro fir e Fësch bis zu e puer dausenden Euro fir een Rassenhond.

Wee mat dëser Handelsaktivitéit Sue verdéngt ginn, misst dat normalerweis och als Kommerz deklaréieren. Um Internet oder a klenge Foren existéieren mëttlerweil awer esou vill vun deenen Déierentauschbörsen, dass een sech d’Fro ka stellen, op all d’Déierenziichter an all Déierenhändler déi néideg Autorisatiounen fir dëse Kommerz besëtzen.

D’Déiereschutzgesetz vun 2018 geseit a sengem Artikel 6 vir, dass fir all Form vun Handel mat Déieren souwéi d’Zuucht vun Hënn a Kaazen eng Autorisatioun vum Minister muss ugefrot ginn:

Art.6 (2) Sans préjudice d’autres autorisations requises, sont soumis à l’autorisation par le ministre : 
 1.  toute activité en vue de commercialiser des animaux, à l’exception des marchés d’animaux et de l’activité agricole ; 
 2. un élevage de chats ;
 3. un élevage de chiens ;
 4. un établissement commercial pour animaux, à l’exception de l’établissement agricole ;
 5. un jardin animalier ou zoologique ;
 6. une pension pour animaux ;
 7. un refuge pour animaux ;
 8. l’emploi d’animaux pour le tournage de films ou à des fins analogues.

Dofir hu mir dem Landwirtschaftsminister folgend Froe gestallt:

  1. Mat Bezuch op den Artikel 6 Paragraf (2) vum Déiereschutzgesetz, wéi eng a wéi vill vu deenen uewe genannten Autorisatiounen huet den Här Landwirtschaftsminister ausgestallt?
  2. Bei wéi villen Déierenziichter goufen 2018 an 2019 Infraktiounen konstatéiert, well se keng gëlleg Autorisatioun nom Artikel 6 (2) haten? Wéi vill Kontrollen goufen insgesamt an der selweschter Period duerchgefouert? 
  3. Ginn verschidden Déierenannoncen an Zeitungen oder am Internet vun der Veterinärsinspektioun iwwerpréift? 
    • Falls jo, wéi vill Déierenhändler goufen 2018 an 2019 kontrolléiert? Wéi vill vun dësen Déierenhändler waren an Infraktioun mam Gesetz?
    • Falls nee, ass de Minister der Meenung, dass all d’Déierenziichter zu Lëtzebuerg hir Aktivitéiten deklaréieren?
  4. Wéi kontrolléiert de Landwirtschaftsminister Déierenhändler, déi aus aneren europäesche Länner op lëtzebuergesche Plattformen hir Déiere verkafen?
  5. Ass den Här Landwirtschaftsminister der Meenung, dass aktuell genuch Kontrollen vum Artikel 6 (2) duerchgefouert ginn?

Earth Overshoot Day: wou steet Lëtzebuerg?

D’NGO Global Footprint Network huet dëst Joer de 29te Juli als Äerdiwwerlaaschtungsdag (Earth Overshoot Day) confirméiert. Dat ass den Dag, un deem d’Mënschheet all Ressourcen op der Äerd verbraucht huet, déi normalerweis fir ee Joer missten duergoen. Ab dësem Dag gëtt consideréiert, dass d’Mënschheet hir Ressourcen op Kredit bezitt, dëst op d’Käschte vun eiser Natur an eise Kanner a Kandskanner. No den Donnéeë vun der Website overshootday.org huet Lëtzebuerg schonn de 16ten Februar seng Ressourcë verbraucht, wat 5 Deeg no Katar ass an ee Mount virun den USA. Dëst heescht, dat wa jiddereen op der Äerd esou géif liewe wéi Lëtzebuerg, dass d’Ressourcë schonn de 16te Februar opgebraucht wären.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung e puer Froen zum CO2, Waasser- an Elektrizitéitsverbrauch souwéi de Keef vu Neiween gestallt. Hei sinn eis Froen:

  1. Wéi huet sech de gesamten CO2-Ausstouss vu Lëtzebuerg vun 2014 bis 2019 entwéckelt? 
  2. Wou steet Lëtzebuerg haut am Vergläich mat sengen Nopeschlänner an de Länner vum G7, wann een den CO2-Ausstouss pro Kapp vergläicht?
  3. Wéi huet sech de gesamte Waasserverbrauch vu Lëtzebuerg vun 2014 bis 2019 entwéckelt? An der gläicher Period, wéi huet sech de Grondwaasserspigel am Land am Duerchschnëtt verännert?
  4. Wéi huet sech de gesamte Stroumverbrauch vu Lëtzebuerg vun 2014 bis 2019 entwéckelt? 
  5. Vun 2014 bis 2019, 
    • wéi huet sech den Undeel un erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg entwéckelt?
    • wéi vill Prozent vum importéierte Stroum staamt net aus erneierbaren Energiequellen?
  6. Wéi vill Neiween goufe pro Joer vun 2014 bis 2019 zu Lëtzebuerg ugemellt? Opgelëscht pro Joer, wéi héich ass de gesamten CO2-Ausstouss vun all Fuerpark u Neiween? Wou steet Lëtzebuerg hei am Vergläich mat sengen Nopeschlänner? 
  7. Deene meeschte Prognosen no wäert déi lëtzebuergesch Wirtschaft an de folgende Jore weider wuessen. Dëst bedeit méi Aarbechtsplazen an awer och, dass ëmmer méi Mënschen op Lëtzebuerg wäerte wunne kommen. Mat Bezuch op all déi vireg gefrote Wäerter, mat wéi enger Entwécklung rechent d’Regierung fir déi nächst Joren? 
Earth-

Gesiichtserkennung mat VISUPOL?

Mir wollten vum Minister fir Bannenzeg Sécherheet wëssen, ob am Kader vum VISUPOL eng Gesiichtserkennungssoftware agesat gëtt. Hei ass eis Fro:

Am Kader vum Ausbau vum Iwwerwaachungssystem VISUPOL stellen sech gewësse Froen zu de Mëttelen, déi dëser Iwwerwaachungstechnologie zu Dispositioun gestallt ginn. Iwwerwaachungskameraen zeechnen nämlech net nëmme Biller op, mee kenne mat verschiddene Softwaren genau d’Identitéit vun enger Persoun identifizéieren. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Leeft iwwert de Programm vum Visupol eng Gesichtserkennungssoftware?
    • Falls jo, mat wéi engen Donnéeën gëtt d’Gesichtserkennung bedriwwen?
  2. Greift de Programm vum Visupol am Kader vun der Iwwerwaachung op iergenwelch Datebankenvum Staat zou?
    • Falls jo, wéi eng sinn dat? 
  3. Wou sinn d’Daten, déi am Kader vum Visupol opgehol ginn, gespäichert? Wéi laang bleiwen dës Daten gespäichert?

Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS

Am Februar hate mir bei der Inneministesch nogefrot, wou d’Indemnitéiten fir Fräiwëlleger vum CGDIS bleiwen. Mir goufen informéiert, dass nach ëmmer Onreegelméissegkeete bei den Iwwerweisungen vum CGDIS virkommen. Dofir hu mir der Ministesch nach eng Kéier e puer Froe gestallt. Hei ass d’Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°429 haat ech d’Madamm Ministesch iwwert d’Ausbezuele vun den Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS befrot. An hirer Äntwert hat si deemools geschriwwen, d’Ausbezuele vun der Indemnisatioun vun 1€/Stonn fir d’Permanence géif am Enn Abrëll ausbezuelt ginn. Wéi verschidde Fräiwelleger mir awer beriicht hunn, krute si eréischt am Mee hir Indemnisatiounen ausbezuelt. Doriwwer eraus ass, mengen Informatiounen no, d’Nobezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz vun 2018 nach ëmmer net ausbezuelt ginn.

Vill Fräiwëlleger wëssen doriwer eraus nach ëmmer net a wéi engen Zäitintervallen d’Indemnisatiounen ausbezuelt ginn a reegen sech doriwwer op, dass hinnen nach keng konkret informatiounen dozou virleien.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Bis wéini kënnen d’Benevolle mat der retroaktiver Ausbezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz rechnen? Gëtt de Montant vun der Indemnitéit op den Asaz berechent oder pro Stonn pro Asaz?
  2. Wéi gesäit de Cadencier vum Ausbezuele vun den Indemnitéite beim CGDIS aus? A wéi engen Intervallen kennen d’Fräiwëlleger mat hiren Indemnisatioune rechnen? 
  3. Ginn déi eenzel Indemnitéiten, déi d’Madamm Ministesch an hirer Äntwert op meng vireg Fro oplëscht, zesumme verséiert oder no Indemnitéit? Wat ass d’Begrënnung dofir?
  4. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass déi Indemnitéiten, déi si fir Abrëll ugekënnegt hat, eréischt am Mee ausbezuelt goufen? Falls jo, wat war de Grond vun der verspéidener Iwwerweisung?
  5. “De CGDIS huet seng informatesch Programmer fir d’Erfaasse vu Stonnen, sou wéi fir d’Bezuele vun de geleeschte Stonnen moderniséiert an optimiséiert. Dëse Prozess huet elo e bëssen gedauert, ma et sief drun erënnert datt dëst de Fräiwëllegen awer an Zukunft nëmme kann zegutt kommen. Duerch déi nei informatesch Systemer wäert sech d’Beaarbechtungszäit vun den Indemnitéiten an Zukunft enorm reduzéieren!” (Äntwert vun der Madamm Ministesch op d’Fro n°429)

    Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, ob de System fir d’Erfaasse vu Stonnen, Stand haut, schonn asazbereet ass an de Fräiwëllegen zegutt kennt? Kann d’Ministesch och erklären, wéi dëse System fonctionnéiert?

Äntwert op eis Fro zu den Déierentransporter

De Landwirtschaftsminister Schneider huet eis eng Äntwert op eis parlamentaresch Fro iwwert d’Déierentransporter ginn.

D’Pirate bedaueren, dass während der Hëtztwell keng weider Kontrolle vum Minister ënnerhol goufen.

Des Weideren ass et ze belächelen, dass d’Déierentransporter an d’Tierkei wärend de Summerméint suspendéiert gi sinn. Mir si kategoresch géint Déierentransporter, déi dausende vu Kilometer vu Lëtzebuerg bis op d’EU-Baussegrenze an doriwwer eraus fueren.

Dofir géife mir eis vun der Regierung wënschen, am Déiereschutz weider Schrëtt ze goen an d’Déierentransporter endgülteg ze begrenzen. Et gëtt Zäit, och am Déierentransport lokal ze denken an d’Wuel vum Déier ze respektéieren.

Hei ass d’Dokument mat der Äntwert vum Minister.

Antfert-1

Cash oder Kaart?

Mir sinn drop opmierksam gemaacht ginn, dass et zu Lëtzebuerg ëmmer nach Parkaueren- a Keese ginn, déi nëmme mat Mënz fonctionnéieren. A verschiddene Gemenge gesinn dës Parkauere grad eng Renaissance.

An dem Kontext stellt sech Fro, ob een däerf gezwonge ginn zu Lëtzebuerg eng Bezuelmethod ze bevirzéien? Mëscht et an dem Fall nach Sënn, de Mënzportmonnie der Kreditkaart virzezéien?

Weiterlesen

Et ass ze waarm fir Déierentransporter!

Wéinst den héijen Temperaturen hu mir dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, wéini en endlech gedenkt d’Déierentransporter zäitlech ze verbidden. Frankräich ass scho gëschter mam gudde Schrëtt virgaangen an huet d’Déierentransporter zäitweileg verbueden bis d’Temperaturen erëm erof ginn (Hei den Artikel).

Mir Pirate froen eis, wéi eescht des Regierung den Déiereschutz wierklech hëlt?

Hei ass eis QP:

Wéinst der Hëtztwell, déi momentan grouss Deeler vun Europa am Grëff huet, si vill Déierentransporter net an der Lag d’Konditioune vun engem aartgerechten Transport ze erfëllen, sou wéi en am Annexe I vum EU-Reglement 1/2005 virgesinn ass. Dëst mat schreckleche Konsequenze fir d’Wuel vun den Déieren. 

De franséische Landwirtschaftsminister huet aus dësem Grond all d’Déierentransporter op franséischem Territoire suspendéiert bis d’Temperaturen sech erëm an engem akzeptabele Beräich befannen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgrond vun den extrem héijen Temperaturen, wéi vill Kontrolle bei Déierentransporter goufen dës Woch zu Lëtzebuerg ausgefouert? 
  • Bei wéi villen Transporter sinn ze héich Temperature festgestallt ginn? 
  • Wéi eng Strofe goufen doropshin ausgeschwat?
  • Wäert d’Regierung, ähnlech wéi Frankräich, een zäitlecht Verbuet vun Déierentransporter arrêtéieren bis d’Temperaturen sech erëm normaliséiert hunn? 
    • Falls jo, wou wäerten d’Déieren, déi op lëtzebuergeschem Territoire sinn, tëschenzäitlech versuergt ginn?
    • Falls nee, firwat net?

Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

No engem laange Waarden hu mer misste feststellen, dass d’Äntwerten op eis parlamentaresch Fro n°615 zimlech kuerz ausgefall sinn. Dofir hu mir zu verschiddene Punkte vun der Fro nach eng Kéier nogehaakt hunn.

Hei ass eis nei Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°615 hat ech den honorabele Minister Bausch iwwert den Incident vum 23. Februar 2019 um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel” befrot a wat fir Konsequenzen dësen Incident op d’Sécherheetsmesurë vum Fluchhafe Findel hat.

No méi wéi zwee Méint – also méi Zäit, wéi de Chambersreglement zouléisst – krut ech an enger ganz kuerzer a präziser Äntwert een Deel vu menge Froe beäntwert. E puer vu menge Froen hu leider keng Beuechtung vum Här Minister fonnt, soudass ech him se ënnert anerer Form nach eng Kéier stelle wëll:

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Sinn nom Incident um “Kleine Brogel” d’Sécherheetsmoossname ronderëm an um Findel verstäerkt ginn?
    • Falls jo, wéi eng Mesuren si getraff ginn a wat war de Käschtepunkt vun dësen?
    • Falls nee, firwat net?
  • Schätzt de Minister, dass deen a senger Äntwert genannten Plan de Sûreté Aéroportuaire duergeet fir Zivilisten dovun ofzehale mat gewéinlechen Handwierksgeschir op de Fluchhafe Findel anzedréngen ?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Wou bleiwen d’Remboursementer vun der CMFEP?

Bei der Krankekeess vun de Fonctionnairen a Staatsbeamten (CMFEP) daueren d’Remboursementer aktuell ëm déi 6 Wochen. Mir hu bei deenen zoustännege Ministere nogefrot, wou et hänkt:

Hei ass eis Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Sozialversécherung & Ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.

Mir gouf zougedroen, dass et bei de Krankekeess vun de Fonctionnairen aktuell zu ville Verspéidunge bei de Remboursementer kënnt. Zréckzeféieren ass dëst anscheinend op ee Manktem u Beamten an der Krankekeess vun de Fonctionnairen an de Staatsbeamten (CMFEP). 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Fir d’Joren 2017, 2018 an 2019, wéi vill Deeg huet eng Demande de Remboursement  bei der CMFEP am Duerchschnëtt jeeweils gedauert? Wéi ass dës Tendenz ze erklären?
  • Wéi laang dauert et aktuell bis déi bei der CMFEP Versécherten hir Remboursementer ausbezuelt kréien? Am Fall wou et zu Verspéidunge komm ass, op wéi eng Grënn sinn dës Verspéidungen zeréckzeféieren? 
  • Wéi eng Mesurë wäerten déi zoustänneg Ministeren ënnerhuelen, fir d’Situatioun vun de Versécherten ze verbesseren?
  • Sinn d’Servicer vun der CMFEP personell ënnerbesat? Falls jo, wäerten d’Ministeren ee Recrutementsplang opstellen?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Deputéierten