Connect with us

Questions parlementaires

Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS

Am Februar hate mir bei der Inneministesch nogefrot, wou d’Indemnitéiten fir Fräiwëlleger vum CGDIS bleiwen. Mir goufen informéiert, dass nach ëmmer Onreegelméissegkeete bei den Iwwerweisungen vum CGDIS virkommen. Dofir hu mir der Ministesch nach eng Kéier e puer Froe gestallt. Hei ass d’Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°429 haat ech d’Madamm Ministesch iwwert d’Ausbezuele vun den Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS befrot. An hirer Äntwert hat si deemools geschriwwen, d’Ausbezuele vun der Indemnisatioun vun 1€/Stonn fir d’Permanence géif am Enn Abrëll ausbezuelt ginn. Wéi verschidde Fräiwelleger mir awer beriicht hunn, krute si eréischt am Mee hir Indemnisatiounen ausbezuelt. Doriwwer eraus ass, mengen Informatiounen no, d’Nobezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz vun 2018 nach ëmmer net ausbezuelt ginn.

Vill Fräiwëlleger wëssen doriwer eraus nach ëmmer net a wéi engen Zäitintervallen d’Indemnisatiounen ausbezuelt ginn a reegen sech doriwwer op, dass hinnen nach keng konkret informatiounen dozou virleien.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Bis wéini kënnen d’Benevolle mat der retroaktiver Ausbezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz rechnen? Gëtt de Montant vun der Indemnitéit op den Asaz berechent oder pro Stonn pro Asaz?
  2. Wéi gesäit de Cadencier vum Ausbezuele vun den Indemnitéite beim CGDIS aus? A wéi engen Intervallen kennen d’Fräiwëlleger mat hiren Indemnisatioune rechnen? 
  3. Ginn déi eenzel Indemnitéiten, déi d’Madamm Ministesch an hirer Äntwert op meng vireg Fro oplëscht, zesumme verséiert oder no Indemnitéit? Wat ass d’Begrënnung dofir?
  4. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass déi Indemnitéiten, déi si fir Abrëll ugekënnegt hat, eréischt am Mee ausbezuelt goufen? Falls jo, wat war de Grond vun der verspéidener Iwwerweisung?
  5. „De CGDIS huet seng informatesch Programmer fir d’Erfaasse vu Stonnen, sou wéi fir d’Bezuele vun de geleeschte Stonnen moderniséiert an optimiséiert. Dëse Prozess huet elo e bëssen gedauert, ma et sief drun erënnert datt dëst de Fräiwëllegen awer an Zukunft nëmme kann zegutt kommen. Duerch déi nei informatesch Systemer wäert sech d’Beaarbechtungszäit vun den Indemnitéiten an Zukunft enorm reduzéieren!“ (Äntwert vun der Madamm Ministesch op d’Fro n°429)

    Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, ob de System fir d’Erfaasse vu Stonnen, Stand haut, schonn asazbereet ass an de Fräiwëllegen zegutt kennt? Kann d’Ministesch och erklären, wéi dëse System fonctionnéiert?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert