Connect with us

Questions parlementaires

Froen zur Adapto-App

Nodeems d’Gratuitéit fir den Transportservice Adapto op Drock vun e puer Deputéierten souwéi  am Kader vun enger Petitioun agefouert gouf, gëtt elo de ganze Service vum Adapto ëmstrukturéiert. An dem Kontext gouf een neie Reservatiounssystem op d’Been gestallt an och eng nei Adapto-App gouf erstallt, mat där d’Passagéier hir Trajete reservéiere kënnen. D’App selwer gouf vun enger Privatfirma entwéckelt. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Firwat gouf bei der Entwécklung vun der App op eng extern Firma zeréckgegraff an net op de Knowhow vum CTIE?
  2. Wéi vill huet d’Entwécklung vun der neier Adapto-App kascht?
  3. Gouf et fir d’Entwécklung vun der App eng ëffentlech Ausschreiwung?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert