Questions parlementaires
Covoiturage zu Lëtzebuerg – firwat gëtt net op erfollegräich Léisunge gesat?
A menger parlamentarescher Fro n°138 hat ech d’Regierung ëm Informatiounen zu der Copilote-App gefrot. D’App war entwéckelt ginn, fir de Covoiturage zu Lëtzebuerg ze fërderen. Allerdéngs war d’App keen Erfolleg. Trotz Publicitéitscampagnen am Wäert vun 179.949€ (Stand Januar 2019) huet d’App net den Uklang bei de Notzer vum Covoiturage fonnt a gouf an eng aner App mam Numm Klaxit agegliddert. An anere Länner existéieren awer schonns zënter Jore ganz erfollegräich Covoiturage-Appen, als bekannteste Beispill sinn nëmmen UBER, LYFT oder BLABLACAR ze nennen.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Wär et dem Minister no net Zäit, dass grouss Covoiturageplattformen, wéi et se am Ausland och schonns gëtt, endlech een Accès op de lëtzebuergesche Marché kréien an an dem Kontext och d’Reegelen fir d’Ubidde vun Taxisservicer moderniséiert a liberaliséiert gëtt?
- Wéi vill Benotzer huet de Projet Copilote, no der Verschmelzung mat Klaxit, aktuell?
- Wéi huet sech den „Taux de rétention“ vun der Copilote-App bis zur Verschmëlzung vun der App mat Klaxit entwéckelt?
- Wéi vill Faarte sinn 2019 an der Moyenne pro Mount mat Copilote realiséiert ginn?
- Wéi eng Käschte sinn duerch d’Copilote-App insgesamt bis haut ugefall?
- Considéréiert de Minister de Projet Copilote als ee Mësserfolleg?
- Aus wéi enge Grënn huet d’Copilote-App a senger Ufanksform net funktionéiert?
Traduction française (la version luxembourgeoise faisant foi)
Dans ma question parlementaire n °138, j’ai demandé au gouvernement des informations sur l’application Copilote. L‘ application a été conçue pour promouvoir le covoiturage au Luxembourg. Cependant, l’application n’a pas été couronné d’un succès. Malgré des campagnes publicitaires d’un montant de 179 949 € (janvier 2019), l’application n’a pas répondu aux besoins des utilisateurs du Covoiturage et a été incluse dans une autre application appelée Klaxit. Dans d’autres pays, cependant, les applications de Covoiturage connaissent un grand succès depuis de nombreuses années, les exemples les plus connus étant UBER, LYFT ou BLABLACAR.
À cet égard, nous avons posé les questions suivantes au gouvernement:
- Selon le ministre, ne serait-il pas temps d’avoir enfin accès à des plateformes de covoiturage à grande échelle, telles qu’elles existent déjà à l’étranger, sur le marché luxembourgeois et, dans ce contexte, de moderniser et de libéraliser les règles de prestation de services de taxi?
- Combien d’utilisateurs le projet Copilote compte-t-il actuellement après sa fusion avec Klaxit?
- Comment le „taux de rétention“ de l’application Copilote s’est-il développé jusqu’à la fusion avec l’application avec Klaxite?
- Combien de trajets ont été réalisés avec Copilote en moyenne par mois en 2019?
- Quels sont les coûts totaux de l’application Copilote jusqu’à ce jour?
- Le ministre considère-t-il que le projet Copilote est un échec
- Pour quelles raisons l’application Copilote dans sa forme initiale n’a pas trouvé les échos des utilisateurs?