Connect with us

Questions parlementaires

Aktuell Situatioun an den Alters–a Fleegeheemer

Mir goufe vun e puer Persoune kontaktéiert, deenen hier Familljememberen an enger Fleegestruktur hei am Land ënnerbruecht sinn. Dës Leit hu mir zougedroen, dass hier Mammen, Pappen – respektiv hier Groussmammen a Grousspappen – konkret Symptomer vu COVID-19 gewisen hunn, mee, dass vu Säite vun de Fleegestrukture keng Demarchen ënnerholl gi sinn, fir déi betraffe Läit an ee Spidol ze schécken. 

Wéi mir zougedroe gouf, konnten déi Betraffe Läit nëmmen op Drock vun hire Familljememberen an ee Spidol bruecht ginn, wou spéider eng Infektioun mam COVID-19 konnt bestätegt ginn.

Wéi geschter och an der Press ze liese war, wäerten d’Bewunner an d’Personal an den Alters– a Fleegeheemer an de folgenden Deeg groussflächeg op de Coronavirus getest ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Mënschen (opgelëscht no Personal an Senioren) sinn aktuell an den Alters– a Fleegeheemer um COVID-19 erkrankt? Si verschidden Alters–a Fleegeheemer besonnesch betraff?
  2. Huet d’Regierung Kenntnis dovunner, dass verschidde Fleegestrukturen hei am Land Seniore mat COVID-19-Symptomer net an d’Spidol schécken?
  3. Wéi eng Consignen huet d’Regierung de Fleegestrukture ginn, am Fall wou de Verdacht op eng COVID-19-Infektioun an hirer Struktur besteet?
  4. Wéi kann d’Regierung garantéieren, dass all d’Alters– a Fleegeheemer am Land, ob an ëffentlecher oder privater Hand, eng transparent Informatiounspolitik no bausse maachen?
  5. Kontrolléiert de Staat ob d’Hygienesvirschrëften an de Fleegestrukturen (privat, kommunal a staatlech) agehale ginn? Falls jo, wéi gesinn dës Kontrollen am ganzen Ëmfang aus?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert