Connect with us

Questions parlementaires

Interimskontakter zu Lëtzebuerg

Wéi aus der Äntwert vum Aarbechtsminister op eis Froen ervirgeet, ass d’Unzuel vun den Interimskontrakter an de leschten 10 Joer an d’Luucht gaangen. D’Pirate begréissen, dass de Minister Enn 2019 eng Circulaire un d’Interimsagencen erausginn huet, mee dat geet net duer! Et geet och net duer, dass de Minister bei dësem Problem un d’Aarbechtsgeriicht verweist, well déi meescht betraffen Aarbechter et aus Geldmangel net riskéiere kënnen, juristesch Schrëtt géint hiren Ausbeuter anzeleeën.

Fir eis Piraten ass kloer: Interimsagencë benotzen Aarbechter als bëlleg Aarbechtskraaft a ginn hinne keng Perspektiven. Dofir muss d’Zeréckgräifen op Interim mat engem steierlechen Nodeel fir d’Interimsagence an d’Firma méi onattraktiv gemaach ginn. D’Regierung muss hei selwer handelen, wann si wëll kredibel sinn.

Traduction française

Travail d’intérim au Luxembourg

Comme le montre la réponse du ministre du Travail à nos questions, le nombre de contrats intérimaires a augmenté au cours des 10 dernières années. Les Pirates félicitent le ministre pour sa circulaire aux agences intérimaires en fin 2019. Mais cela ne suffit pas! Il ne suffit pas non plus que ministre renvoie cette affaire au tribunal du travail, car la plupart des travailleurs concernés ne peuvent pas risquer d’engager des poursuites judiciaires contre leur employeur à cause de leur dépendance financière.

Pour le Parti pirate, il est clair que les agences intérimaires utilisent les travailleurs comme une main-d’œuvre bon marché sans leurs offrir des perspectives. Par conséquent, le recours au travailleurs d’intérim devra être rendu moins attrayant par l’instauration d’un désavantage fiscal à charge de l’agence intérimaire et de l’entreprise. 

Hei war eis Fro:

A senger parlamentarescher Fro n°1654 huet den honorabelen Deputéierte Marc Spautz den Aarbechtsminister iwwert d’CDDe befrot. Nieft de CDDen gesäit dat lëtzebuergescht Aarbechtsgesetz allerdéngs och déi sougenannten Interimskontrakter vir. D’Aarbechtsgesetz definéiert de salarié intérimaire wéi folgt:

„le salarié qui s’engage dans le cadre d’un contrat de mission pour être mis à la disposition provisoire d’un ou de plusieurs utilisateurs pour l’accomplissement d’une tâche précise et non durable autorisée par ou en vertu de l’article L.122-1.“

A verschiddene Branchen an Entreprisen ass festzestellen, dass systematesch op den Interim als Aarbechtskraaft zeréckgegraff gëtt, och fir Tâchen, déi u sech permanent sinn. Esou ginn et konkret Fäll, wou Salariéeën iwwert ee ganzt Joer ewech Interimskontrakter mat jeeweils enger Dauer vun enger Woch ugebuede kréien an dat, obwuel d’Salariéeë fir déi nämmlecht Firma eng spezifesch Aufgab ausféieren. Salariéeën, déi sech an dëser Situatioun befannen, si ganz oft ofhängeg vun hirer Aarbechtsplaz a fäerten dowéinst, der ITM dëst ze mellen oder juristesch Schrëtt géint dësen Abus anzeleeden.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Interimskontrakter goufen insgesamt an de lescht 5 Joer ofgeschloss? Wéi eng Dauer haten d’Interimskontrakter, déi an de leschte 5 Joer ofgeschloss goufen, opgelëscht no folgende Krittären: 
    • manner wéi 1 Mount;
    • 2-6 Méint;
    • 7-12 Méint;
    • méi wéi 12 Méint?
  2. Op den drëtte Punkt vun der Fro° 1654 äntwert de Minister:“Wann Verdachtsfall bestinn, dass Dispositiounen vum Code du travail net respektéiert ginn, mëcht d’ITM déi néideg Kontrollen. Dat zielt och fir Dispositiounen déi CDD’en betreffen.“Wéi vill Mol huet d’ITM an de leschte 5 Joer Kontrollen ob Basis vu Verdachstfäll duerchgefouert? Wéi vill Mol ass d’ITM an der selwechter Zäit op Abus’en opmierksam ginn?
  3. Wéi huet sech d’Verhältnis um Aarbechtsmaart tëschent Interimskontrakt, klasseschem CDD an CDI iwwert déi lescht 10 Joer entwéckelt? 
  4. Wéi vill Kontrolle realiséiert d’ITM all Joers bei Kontrakter vun Interimsfirmen?
  5. Ass de Minister der Meenung, dass Interimsagencë méi streng misste kontrolléiert ginn, fir Abus’en op ee Minimum ze reduzéieren?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert