Connect with us

Questions parlementaires

Expo 2020 Dubai – Aarbechtskonditiounen

A virege parlamentaresche Froen (n°647 a 1567) hat ech d’Regierung ëm Informatiounen iwwert déi lëtzebuergesch Bedeelegung un der Weltausstellung zu Dubai gefrot. Iwwert meng Froe par rapport zum Aarbechtsrecht op der Weltausstellung verweist d’Regierung an zwou Äntwerten op méi streng a wäitgoend Aarbechtskonditiounen, déi den Organisateur a senger „Worker Welfare Policy“– Charta ernimmt. Den Organisateur gëtt selwer iwwerdeems un, dass wärend der Haaptbauphase iwwert 40000 Bauaarbechter um Site vun der Weltausstellung wäerte schaffen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Aarbechter sinn um Bau vum lëtzebuergesche Pavillon bedeelegt?
  2. Wéi vill Aarbechter sinn iwwert Sous-Traitance-Entreprisen um Bau vum Pavillon bedeelegt (opgelëscht no Entreprise an Unzuel vun Aarbechter)?
  3. Wat geschitt mat de Bauaarbechter nom Enn vun der Weltausstellung? Wäerten si fir äänlech Bauprojete schaffen a falls jo, profitéieren si an dem Fall weider vun den Arbechtskonditiounen vun der Weltausstellung? 
  4. Wéi vill Suen a wéi enger Wärung verdéngen d’Bauaarbechter, déi um Bau vum lëtzebuergesche Pavillon bedeelegt sinn
    • pro Stonn a pro Mount?
    • opgelëscht no Entreprise?
  5. Wéi vill Stonnen däerfen d’Bauaarbechter maximal schaffen, opgelëscht
    • pro Dag?
    • pro Mount?
  6. Wéi vill Stonne Repos hunn d’Aarbechter tëschent 2 Aarbechtsdeeg zegutt? Wéi oft gouf dëse Repos net agehalen?
  7. Wéi vill Stonne Repos hunn d’Aarbechter tëschent 2 Aarbechtswochen zegutt? Wöi oft gouf dëse Repos net agehalen?
  8. Wéi vill Iwwerstonne goufen et um Schantje vum lëtzebuergesche Pavillon insgesamt erfaasst?
  9. Sinn d’Aarbechter um Pavillon sozialverséchert a falls jo, wéi eng Gesondheetsleeschtungen a Risike sinn duerch d’Sozialversécherung couvréiert?
  10. Wou genee wunnen d’Bauaarbechter vum lëtzebuergesche Pavillon a wéi sinn d’Konditiounen an dëse Logementer (Gréisst vum Logement a m2, Unzuel un Persoune pro Logementsunitéit?)
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert