Connect with us

Questions parlementaires

Schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Mangel u Lokführer bei der CFL?

Lokführer ze sinn, ass ee schankenhaarde Beruff: nieft der héijer Responsabilitéit eng 7000-PS-staark Maschinne korrekt ze manövréieren, schaffen d’Lokführer an engem onréigelméissegen Zäitplang Dag a Nuecht – oft och d’Feierdeeg – a sinn doriwwer eraus och fir d’Sécherheet vun dausende Passagéier responsabel, déi all Dag matfueren.

Wéi aus verschiddene Froe vun de Gewerkschafte souwéi de respektiven Äntwerte vun der CFL-Direktioun erauszeliesen ass, besteet aktuell ee Mangel u Lokführer bei der CFL an d’Ofgäng vu Personal gi net duerch genuch Neiastellunge gedeckt. D’Aarbechtsbedéngunge hunn sech aus deem Grond aktuell, nieft den alldeeglechen Ufuerderunge vum Beruff vum Lokführer, duerch ee Mangel u Pausen a Rouzäite verschlechtert. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi huet sech de Personalbestand u Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL entwéckelt?
  2. Wéi vill Lokführer sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL agestallt ginn?
  3. Wéi vill Lokführer hunn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, hier Platz beim Grupp CFL opginn? 
    • Ass de Minister der Meenung, dass déi aktuell haart Aarbechtsbedéngungen ee Grond duerstellen?
    • Wat kann de Grupp CFL besser maachen, fir den Employee Turnover bei de Lokführer ze reduzéieren?
  4. Wéi vill Iwwerstonnen hunn d’Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gemaach?
    • Wéi vill vun dësen Iwwerstonne goufe geleescht a recuperéiert? 
    • Wéi vill Iwwerstonne goufen ausbezuelt?
  5. Wéi vill mol gouf an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, d’Paus tëschent zwou Aarbechtswochen vun 38 Stonnen (Artikel 52 Punkt 13.3 vum CFL Statut) beim Grupp CFL net respektéiert?
  6. Wéi vill Roudeeg si bei de Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gestrach ginn? Ass de Minister der Meenung, dass d’Sträiche vu Roudeeg de Lokführer d’Méiglechkeet gëtt, sech anstänneg auszerouen? 
  7. Schätzt de Minister, dass aktuell een akute Mangel u Lokführer bei der CFL besteet? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir? Falls nee, wéi erkläert hien sech d’Kritik vun de Gewerkschaften?
  8. Wéi vill Zich sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, bedéngt duerch Personalmangel ausgefall?
  9. Plangt d’CFL an de nächste Joren d’Aféierung vun autonom fuerenden Zich, also Zich, déi ouni Lokführer kënne fueren? Falls jo, wéi wäert CFL d’Lokführer op dësem Iwwergang ënnerstëtzen a wéi eng Karrieresméiglechkeete ginn hinnen intern gebueden?  

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert