RTL.lu: 70 Milliounen Euro sollen an Zuchstreck investéiert ginn

Dat äntwert den zoustännege Minister op déi parlamentaresch Fro vum Marc Goergen vun de Piraten.

An den nächste Jore solle méi wéi 70 Milliounen Euro an d’Zuchstreck tëscht Ëlwen an der Stater Gare investéiert ginn. Ënnert anerem soll zu Ëlwen e Park-And-Ride-Parking entstoen a verschidden Arrête solle moderniséiert ginn. Dat geet aus der Äntwert vum Mobilitéits- an Infrastrukturminister François Bausch ervir, op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten Marc Goergen.

D’Dauer, déi ee fir dës Streck brauch, wier iwwerdeems awer net kloer festzeleeën. En Deel vun der Streck verleeft nämlech nach ëmmer eegleiseg. Dat géif schonn e bëssen Zäit kaschten, gëtt de Minister zou. Geplangt wier och en Deel vun den Zich mat Internetzougang ouni Kabel z’equipéieren. Allerdéngs géif déi Verbindung och dann nach ëmmer vun der Qualitéit vum Handy-Reseau ofhänken, esou de François Bausch

Keng Plaz am Zuch fir Passagéier zweeter Klass?

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1710 vum honorabelen Deputéierte M. Schank confirméiert de Minister d’Iwwerlaaschtung vu verschiddenen Zich. De Minister schreift, dass duerch d’Bäikafe vun neie Waggonen d’CFL an de nächste Joren d’Passagéierkapazitéite fir d’éischt an déi zweet Klass erhéije wäert.

Am Uschloss op dës Fro wéilt ech dem Minister folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Sëtzplazen existéieren aktuell an allen Zich vun der CFL? Wéi vill dovunner entfalen op d’zweet Klass? Wéi vill dovunner entfalen op déi éischt Klass?
  2. Wat ass d’Gesamtkapazitéit vun allen Zich (Sëtz– a Stéiplazen) vun der CFL?
  3. Wéi vill Passagéier sinn 2019 an der zweeter Klass matgefuer a wéi vill an der éischter Klass?
  4. Wann all d’Sëtzplazen an der  éischter Klass ofgeschaaft géife ginn, wéi vill Platze (Sëtz– a Stéiplazen) kéinten da fir d’zweet Klass liberéiert ginn?
  5. Ass et fir de Minister virstellbar, de Prinzip vun der Zwee-Klassen-Trennung ofzeschafen? Falls nee, aus wéi Grond ënnerstëtzt de Minister den Erhalt vun enger éischter Klass?
  6. Wéi vill Recetten huet d’CFL 2019 duerch de Verkaf vun Tickete fir d’éischt Klass generéiert ? Wéi vill maachen dës Recettë par Rapport zu de Käschte vun der CFL aus?

Schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Mangel u Lokführer bei der CFL?

Lokführer ze sinn, ass ee schankenhaarde Beruff: nieft der héijer Responsabilitéit eng 7000-PS-staark Maschinne korrekt ze manövréieren, schaffen d’Lokführer an engem onréigelméissegen Zäitplang Dag a Nuecht – oft och d’Feierdeeg – a sinn doriwwer eraus och fir d’Sécherheet vun dausende Passagéier responsabel, déi all Dag matfueren.

Wéi aus verschiddene Froe vun de Gewerkschafte souwéi de respektiven Äntwerte vun der CFL-Direktioun erauszeliesen ass, besteet aktuell ee Mangel u Lokführer bei der CFL an d’Ofgäng vu Personal gi net duerch genuch Neiastellunge gedeckt. D’Aarbechtsbedéngunge hunn sech aus deem Grond aktuell, nieft den alldeeglechen Ufuerderunge vum Beruff vum Lokführer, duerch ee Mangel u Pausen a Rouzäite verschlechtert. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi huet sech de Personalbestand u Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL entwéckelt?
  2. Wéi vill Lokführer sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL agestallt ginn?
  3. Wéi vill Lokführer hunn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, hier Platz beim Grupp CFL opginn? 
    • Ass de Minister der Meenung, dass déi aktuell haart Aarbechtsbedéngungen ee Grond duerstellen?
    • Wat kann de Grupp CFL besser maachen, fir den Employee Turnover bei de Lokführer ze reduzéieren?
  4. Wéi vill Iwwerstonnen hunn d’Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gemaach?
    • Wéi vill vun dësen Iwwerstonne goufe geleescht a recuperéiert? 
    • Wéi vill Iwwerstonne goufen ausbezuelt?
  5. Wéi vill mol gouf an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, d’Paus tëschent zwou Aarbechtswochen vun 38 Stonnen (Artikel 52 Punkt 13.3 vum CFL Statut) beim Grupp CFL net respektéiert?
  6. Wéi vill Roudeeg si bei de Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gestrach ginn? Ass de Minister der Meenung, dass d’Sträiche vu Roudeeg de Lokführer d’Méiglechkeet gëtt, sech anstänneg auszerouen? 
  7. Schätzt de Minister, dass aktuell een akute Mangel u Lokführer bei der CFL besteet? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir? Falls nee, wéi erkläert hien sech d’Kritik vun de Gewerkschaften?
  8. Wéi vill Zich sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, bedéngt duerch Personalmangel ausgefall?
  9. Plangt d’CFL an de nächste Joren d’Aféierung vun autonom fuerenden Zich, also Zich, déi ouni Lokführer kënne fueren? Falls jo, wéi wäert CFL d’Lokführer op dësem Iwwergang ënnerstëtzen a wéi eng Karrieresméiglechkeete ginn hinnen intern gebueden?  

Kamerabiller bei den CFL – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°1251 wollt ech méi iwwert d’ Iwwerwaachungsmesurë vun der CFL wëssen. D’Äntwert vum Minister liwwert Informatiounen iwwert déi jeeweileg Späicherfristen, d’Accèse souwéi d’Consultatioune vum Iwwerwaachungsmaterial.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. An der Äntwert schwätzt den Här Minister op verschiddene Platze vu befugte Persounen. Wien sinn dës befugte Persounen a vu wiem kréien se hir Autorisatioun ausgestallt? 
    • Falen och d’Zuchbegleeder souwéi d’Lokomotivféierer ënnert dës befugte Persounen? 
      • Falls jo, vu wiem erhalen si d’Autorisatioun? 
      • Hunn dës Persoune speziell Schoulungen hisiichtlech den Dateschutzgesetzer absolvéiert?
  2. Wéi vill Strofdote konnten duerch Videoopnamen vun der CFL an de leschte Joren tatsächlech opgekläert ginn?
  3. A wéi ville Fäll waren d’Opnamen, déi zur Opklärung vun der Strofdot hätte féiere kënnen, scho geläscht de Moment wou d’Police se ugefrot huet?
  4. Bei wéi ville Plainten, déi d’Police am Beräich vum ëffentlechen Transport krut, huet d’Videomaterial een Opschloss iwwert de Virgank vun der Dot ginn? Bei wéi ville net?
  5. Bei wéi ville Plainten, déi d’Police am Beräich vum ëffentlechen Transport krut, konnt d’Videomaterial net benotzt ginn? 

FRO.LU Manuel Synchronisatioun vu mobilitéit.lu

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU
D’Piraten hunn nogefrot:

Viru Kuerzem huet de Minister fir Mobilitéit d’Aktualiséierunge vun der Mobilitéits-App virgestallt. Duerch technesch Neierunge kennen d’Passagéier elo an Echtzeit gesinn, wann hire Bus ze spéit ass. Allerdéngs ass eis zougedroe ginn, dass d’Moderniséierung vun der Mobilitéits-App beim Schinnentransport Problemer huet. Op Nofro beim Verkéiersverbond gëtt een informéiert, dass d’Donnéeën zu den Zich, déi op der CFL-Website stinn, net an Echtzeit mat den Donnéeë vum Verkéiersverbond synchroniséiert ginn. Esou kann et sinn, dass een op der CFL-Website d’Horairë vun den Zich éischter ugewise kritt wéi beim Verkéiersverbond.

Souwuel der Verkéiersverbond wéi och d’CFL sinn Organisatiounen, an deenen de Mobilitéitsministère duerch säin Afloss an de Verwaltungsréit strategesch Decisioune beaflosse kann. 

An deem Zesummenhang hu mir dem Mobilitéitsminister dës Froe gestallt

  1. Huet de Minister Kenntnis vun dësem Problem? Falls jo, wéi ass et ze erklären, dass dëse Problem, Stand 2019, nach existéiert?
  2. Bis wéini mengt de Minister, dass d’Donnéeën vun der CFL-Website zäitgläich an der App vum Verkéiersverbond ugewise kéinte ginn?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Kamerabiller bei den CFL

An den Zich, de Garen souwéi an de Busser vun den CFL ginn d’Reesender vun Iwwerwaachungskameraen opgeholl. Mam Akraafttriede vum GDPR am Mee 2018 huet sech d’Legislatioun ronderëm den Asaz a Gebrauch vu Kameraen allerdéngs verschäerft. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ween ass de Responsabele fir den Traitement vun de Videoopnamen, déi an de Waggone, op de Garen souwéi an de Busser vun den CFL opgeholl ginn? 
  2. Wéi eng Persounen hunn Accès op dës Biller a wéi ass den Accès protegéiert? Huet d’Personal vun den CFL een Accès op d’Opnamen? Falls jo, sinn si hisiichtlech dem GDPR forméiert?
  3. Wou ginn d’Videoopnamen an den Zich, Garen a Busser gespäichert a wéi laang?
  4. Wéi vill mol ass d’Videomaterial säit dem Akraafttriede vum GDPR visualiséiert a consultéiert ginn? Wat waren d’Motiver vun de verschiddene Consultatiounen a wéi eng Persounen kruten op dës Donnéeën een Zougrëff?