Blëtzermarathone fir méi Verkéierssécherheet?

D’Etüd “Speed Limit Enforcement and Road Safety” vum IZA Institute of Labor Economics an Däitschland huet gekukt, wat fir een Impakt massiv Vitesskontrolle – sougenannte Blëtzmarathonen – op déi allgemeng Stroossesécherheet hunn. En gros soen d’Fuerscher Folgendes:

“Using register data on the universe of police reported accidents in a generalized difference-in-differences approach, we find that SLMO reduce traffic accidents and casualties by eight percent. Yet, immediately after the SLMO day, all effects vanish. Further evidence suggests that people drive more slowly and responsibly on SLMO days to avoid fines; providing information on the dangers of speeding does not alter driving behavior in a more sustainable way.” (Abstract)

Weiderliesen

Mobilitéit beim Staat: Mam gudde Beispill virgoen?

A menger parlamentarescher Fro n°347 wollt ech Informatiounen iwwert der Fuerpark vum Staat an der Regierung wëssen. Ech krut doropshin Zuele fir d’Joren 2014 bis 2019 geliwwert. Des Weideren krut ech d’Informatioun, dass d’Regierungsmembere prinzipiell mat Plug-In-Autoe fueren. Déi hunn – laut der virëschter NEFZ-Norm – ee méi niddrege Verbrauch an CO2-Ausstouss. 

D’Ekonomie vun de Plug-In-Hybriden variéiert allerdéngs staark, jee no Fahrstil an Verkéierssituatioun. Duerch déi nei europäesch Ausstoussnorm WLTP ginn d’Verbrauchs– an d’Emissiounswäerter allerdéngs staark relativiséiert. Den theoreteschen CO2-Ausstouss vu Plug-In-Autoen geet duerch de WLTP–Berechnungsmodell staark an d’Luucht.

WeiderLiesen

Eng Fro iwwert de Verkéier am Norde vum Land

All Daach fuere ronn 20 000 Autoen duerch d’Uertschaften Hengescht, Housen, Houschterdéckt. D’ganz N7 soll duerch Reamenagementer (Echangeuren, Leitplanken, etc.) an noer Zukunft geséchert ginn. De Contournement Housen ass an deem Kontext ee wichtegt Puzzelstéck. Allerdéngs wäerte vill Kilometer vun der N7 och weiderhin duerch kleng Uertschafte féieren an d’Liewensqualitéit vun de Leit weider belaaschten. Dierfer wéi d’Houschterdéckt wäerten och weiderhi staark iwwerlaascht bleiwen, notamment duerch den Transitverkéier.

FRO.LU: gëtt d’Liewensqualitéit vun den Awunner bei Schantjeen a Betruecht gezunn?

Eng Fro gouf gestallt op www.fro.lu

An der Route de Remich (Nationalstrooss 2) zu Moutfort si säit iwwer dräi Joer verschidde Stroossenaarbechten duerchgefouert ginn. Op dëser Strooss fueren – den Zielunge vun den Awunner no – all Dag bis zu 12500 Autoen an 200 Camionen. 

Well de Belag vun dëser Haaptstrooss trotz de villen Aarbechte bis elo ni eenheetlech frësch gemaach gouf, hunn sech eng ganz Rëtsch Onebenheeten am Belag gebild, déi zu erhieflechem Kaméidi a Vibratioune féieren, wann Autoen driwwer fueren. Op Videoe vun Awunner ass souguer ze gesinn, wéi beim Passage vu méi schwéiere Gefierer ganz Haiser zum wackele kommen, esou dass Schied u Gebaier net ausgeschloss kënne ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister d’Situatioun vum Schantjen an der Route de Remich zu Moutfort retracéieren an erklären, firwat de Schantjen elo bal 4 Joer undauert? Firwat gouf an deene 4 Joer net zumindest eng Partie vum Belag geriicht?
  2. Huet de Minister Kenntnis dovunner, dass Awunner aus der Moutforter Gemeng ee Bréif u Ponts et Chaussées geschriwen hunn, an dem si op d’Vibratiounen, déi duerch den Transitverkéier entstinn, opmierksam maachen? Wéi ass ee säitens dem Ministère op d’Ufroe vun den Awunner agaangen?
  3. Firwat ass fir d’Dauer vun de Stroossenaarbechte keng Vitesslimitatioun vun 30km/h agefouert ginn?
  4. Gëtt bei laang undauernde Stroossenaarbechte probéiert d’Beanträchtegung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner ze miniméieren?
    • Falls jo, wéi eng Mesurë gi geholl?
    • Falls nee, firwat hält de Minister dëst fir net noutwenneg?

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Mangel u Lokführer bei der CFL?

Lokführer ze sinn, ass ee schankenhaarde Beruff: nieft der héijer Responsabilitéit eng 7000-PS-staark Maschinne korrekt ze manövréieren, schaffen d’Lokführer an engem onréigelméissegen Zäitplang Dag a Nuecht – oft och d’Feierdeeg – a sinn doriwwer eraus och fir d’Sécherheet vun dausende Passagéier responsabel, déi all Dag matfueren.

Wéi aus verschiddene Froe vun de Gewerkschafte souwéi de respektiven Äntwerte vun der CFL-Direktioun erauszeliesen ass, besteet aktuell ee Mangel u Lokführer bei der CFL an d’Ofgäng vu Personal gi net duerch genuch Neiastellunge gedeckt. D’Aarbechtsbedéngunge hunn sech aus deem Grond aktuell, nieft den alldeeglechen Ufuerderunge vum Beruff vum Lokführer, duerch ee Mangel u Pausen a Rouzäite verschlechtert. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi huet sech de Personalbestand u Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL entwéckelt?
  2. Wéi vill Lokführer sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL agestallt ginn?
  3. Wéi vill Lokführer hunn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, hier Platz beim Grupp CFL opginn? 
    • Ass de Minister der Meenung, dass déi aktuell haart Aarbechtsbedéngungen ee Grond duerstellen?
    • Wat kann de Grupp CFL besser maachen, fir den Employee Turnover bei de Lokführer ze reduzéieren?
  4. Wéi vill Iwwerstonnen hunn d’Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gemaach?
    • Wéi vill vun dësen Iwwerstonne goufe geleescht a recuperéiert? 
    • Wéi vill Iwwerstonne goufen ausbezuelt?
  5. Wéi vill mol gouf an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, d’Paus tëschent zwou Aarbechtswochen vun 38 Stonnen (Artikel 52 Punkt 13.3 vum CFL Statut) beim Grupp CFL net respektéiert?
  6. Wéi vill Roudeeg si bei de Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gestrach ginn? Ass de Minister der Meenung, dass d’Sträiche vu Roudeeg de Lokführer d’Méiglechkeet gëtt, sech anstänneg auszerouen? 
  7. Schätzt de Minister, dass aktuell een akute Mangel u Lokführer bei der CFL besteet? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir? Falls nee, wéi erkläert hien sech d’Kritik vun de Gewerkschaften?
  8. Wéi vill Zich sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, bedéngt duerch Personalmangel ausgefall?
  9. Plangt d’CFL an de nächste Joren d’Aféierung vun autonom fuerenden Zich, also Zich, déi ouni Lokführer kënne fueren? Falls jo, wéi wäert CFL d’Lokführer op dësem Iwwergang ënnerstëtzen a wéi eng Karrieresméiglechkeete ginn hinnen intern gebueden?  

Tram ouni Schinnen: eng Iddi fir Lëtzebuerg?

Wéi verschiddene Medien beriichten, existéiert an der chinesescher Stad Sichuan aktuell een Tram, deen ouni Schinne fuere kann. Dës schinnelous Stroossebunn fiert op Pneuen an dëst mat bis zu 70 km/h. Den Haaptvirdeel vun dëser Stroossebunn ass evident: fir ze fueren, mussen nämlech keng Schinnen agesat ginn, wat mat immensen Erspuernesser an den ëffentleche Bauten anhiergeet.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ass de Minister a Kenntnis vun dëser Stroossebunn zu Sichuan? Besteet een Intressi säitens dem Minister, fir dësen Typ Stroossebunn och hei zu Lëtzebuerg anzesetzen?
  2. Wéi vill kascht d’Verleeë vu neie Schinnen um geplangte Reseau vum lëtzebuergeschen Tram? Ass de Minister der Meenung, dass d’Verleeë vu Schinne fir nei Strecken zu Lëtzebuerg sënnvoll ass? 
  3. Ass de Minister der Meenung, dass d’Stroossebunn vum Typ “Sichuan” fir verschidden nach net gebauten Tronçonen hei am Land, wéi zum Beispill Lëtzebuerg-Esch, eng sënnvoll Alternative duerstellt? Falls nee, firwat net? 
  4. Ass de Minister der Meenung, dass dës Stroossebunn vum Typ “Sichuan” Virdeeler par Rapport zum lëtzebuergeschem Tramsmodell huet? Falls jo, wéi eng a wat schwätzt an deem Fall fir d’Bäibehale vum lëtzebuergesche Modell mat Schinnen?

Source vum Bild https://berliner-zeitung.imgix.net//2019/12/8/73004dbc-03e6-4d7f-99b0-78a0f4de615f.jpeg?rect=0%2C56%2C3438%2C4584&w=1024&auto=format

Low Noise Augmentation System

Wéi d’Website airliners.de mellt, gëtt zu Frankfurt aktuell ee Fuerschungsprojet duerchgefouert, deen als Zil huet, de Kaméidi an den Dreifstoffverbrauch vu Fligeren ze reduzéieren. De sougenannten “Low Noise Augmentation System”,  ofgekierzt “LNAS”, reguléiert den Undriff vum Fliger duerch een exakt Virplange vum Of-an Ufluch ënner Matabezéie vu verschiddene Variabelen, wéi zum Beispill Wand– a Wiederconditioun. Doduerch soll de Kaméidi, dee vun engem Fliger ausgeet, op ee Minimum reduzéiert ginn. Och hei am Land si Mënsche vum Fligerkaméidi betraff an d’Regierung huet am Koalitiounsaccord Mesuren ugekënnegt, fir déi Betraffenen z’ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir dem MInister dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis vum LNAS an existéiert vu Regierungssäit aus een Intressi um Projet? 
  2. Gëtt et vu lëtzebuergescher Säit aus Interessi den LNAS an Zukunft och hei zu Lëtzebuerg anzesetzen?
  3. Wéi eng technesch Projekten ginn aktuell zu Lëtzebuerg duerchgefouert fir de Kaméidi, dee vu Fligeren ausgeet, ze reduzéieren?

Protokoller als Scheibenwischerdekoratioun – Nofro

Den Disk vergiess, d’Parkverbuetsschëld net gesinn oder ze laang stoe bleiwen. All dat si Saachen, déi och engem gudden Autofuerer scho mol passéiere kennen. Wee Pech huet kritt dann ee gepäscht. Wéi mir aus eise leschte parlamentaresche Froe gewuer goufen, goufen tëscht 2013 an 2019 20 Milliounen Euro un Avertissements taxés (=Knöllecher) net bezuelt. No de Geriichtsurteeler bleiwen awer nach ëmmer 13 Milliounen Euro un onbezuelten ATen opstoen. Mir froen dofir nach eng Kéier no méi genauen Zuelen. Hei ass eis nächst Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Justiz & Bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

A menge parlamentaresche Froen n°614 an 1266 hat ech déi zoustänneg Ministeren iwwert d’Andreiwe vun den Avertissements taxés (AT) befrot. An hiren Äntwerten hunn d’Regierungsvertrieder mir eng Réi Zuele vun der Police a vum Parquet zoukomme gelooss, woubäi festzestellen ass, dass am Zäitraum vun 2013 bis 2019 ronn 20 Milliounen Euro un ATen net bezuelt gi sinn éiert de Parquet saiséiert ginn ass. 

Tableau aus der éischter Fro. Déi riets Kolonn weist de Montant vun ATen, déi net bezuelt goufen (insgesamt 20 Milliounen Euro)

Unzuel vun den Ordonnances pénales (beinhalten ATen + aaner Montanten, dofir ongenau)

Wann een d’Zuel vun den onbezuelten ATen éier de Parquet saiséiert gouf mat den Zuelen, déi duerch d’Aschalte vum Parquet an d’Staatskeess iwwerwise goufen, vergläicht, da bleiwen um Enn vun der Rechnung ëmmer nach ronn 13 Milliounen Euro fir d’Period 2013 bis 2018 opstoen (woubäi dës Zuel wahrscheinlech méi héich läit, well, wéi d’Ministeren ugedeit hunn, d’Montante vun den Ordonnances pénales duerch déi matabegraffe Justizkäschte méi héich sinn ewéi den ursprüngleche Betrag vun den ATen). 

D’Zuelen aus der zweeter Äntwert ginn deemno keen Opschloss doriwwer, wéi vill Suen de Staatskeesen entgaange sinn, well ATen net bezuelt goufen an Ordonnances pénales net vum Parquet agedriwwe goufen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Mech bezéiend op den Tableau aus der Äntwert op d’Fro n°614 vun 2013 bis 2019: wéi vill ATen goufe fräiwëlleg vun den Automobiliste bezuelt nodeems de Parquet saiséiert ginn ass? 

2. An der Äntwert op d’Fro n°1266 stinn d’Unzuel vun den Ordonnances pénales, déi net vum Parquet konnten exekutéiert ginn. Mech bezéihend op de selwechten Tableau
-wat waren déi jeeweileg Montanten, déi net hu konnten agedriwwe ginn (vun 2013 bis 2019)?
-firwat konnt de Parquet dës Montanten net andreiwen?
-wéi vill Prozent vun den net agedriwwenen Ordonnances pénales betreffe Residenten?

Tableau aus der zweeter Äntwert iwwert d’Strofziedelen, déi ni konnten vum Parquet agedriwwe ginn

An d’Vakanz mam Nuetszuch?

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°900 iwwert d’Nuetszich hat de Minister geschriwwen, dass de leschten internationalen Nuetszuch de 26te Juni 2016 vu Lëtzebuerg aus fortgefuer ass. Dës Weidere schreift de Minister, dass Lëtzebuerg als Arrêt fir international Nuetszich aus wirtschaftleche Grënn wéineg Potenzial besëtzt.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Ass et sënnvoll am Kontext vun enger nohalteger Klima – an Ëmweltpolitik, international Nuetszich fir Lëtzebuerg aus reng wirtschaftleche Grënn ze ecartéieren?
  2. Ass d’Regierung der Meenung, dass bei feelender Wirtschaftlechkeet de Staat d’Nuetszich misst subventionéieren?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass Lëtzebuerg dës Legislaturperiod un de Reseau vun den internationalen Nuetszich wäert ugeschloss ginn?
  4. Ab Januar plangt d’éisträichesch Bundesbahn (ÖBB) d’Aféiere vun enger Linn vu Wien op Bréissel. Gesäit d’Regierung dëst Geschäftsmodell als Chance, Lëtzebuerg an domadder d’CFL erëm un dat internationaalt Nuechtszuchnetz unzeschléissen? Falls jo, wäert d’CFL d’Verhandlungen mat der ÖBB sichen?
210159

Auszuch aus dem EU-Wahlprogramm vun “Déi Gréng” (Säit 16. URL: http://wielgreng.lu/wp-content/uploads/2019/04/EU2019-Grénge-Wahlprogramm.pdf

Vitesskontrolle bei Reen

De Code de la Route gesäit vir, dass d’Vitesslimitatioun op den Autobunne bei Nidderschlag vun 130km/h op 110km/h erofgesat gëtt. Dës Mesure besteet aus Precautioun, well bei naasse Stroossen de Bremswee méi laang ass wéi op dréchene Stroossen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wei vill Autofuerer op enger Autobunn, déi bei Nidderschlag méi schnell wéi 110km/h gefuer sinn, goufen an de leschte 5 Joer protokolléiert (opgelëscht pro Joer)?
  2. Gi bei Nidderschlag och d’Schwellewäerter vun de mobille Radaren op 110km/h ëmgestallt?
  3. Wéi vill Accidenter goufen et an de leschte 5 Joren op den Autobunne bei Nidderschlag?
  4. Wéi oft huet d’Police an de leschte 5 Joren d’Vitesslimitatiounen op den Autobunne bei Nidderschlag kontrolléiert? 
  5. Ass de Minister der Meenung, dass genuch Policekontrolle bei schlechte Wiederkonditiounen duerchgefouert gi sinn?