Connect with us

Questions parlementaires

Blëtzermarathone fir méi Verkéierssécherheet?

D’Etüd „Speed Limit Enforcement and Road Safety“ vum IZA Institute of Labor Economics an Däitschland huet gekukt, wat fir een Impakt massiv Vitesskontrolle – sougenannte Blëtzmarathonen – op déi allgemeng Stroossesécherheet hunn. En gros soen d’Fuerscher Folgendes:

„Using register data on the universe of police reported accidents in a generalized difference-in-differences approach, we find that SLMO reduce traffic accidents and casualties by eight percent. Yet, immediately after the SLMO day, all effects vanish. Further evidence suggests that people drive more slowly and responsibly on SLMO days to avoid fines; providing information on the dangers of speeding does not alter driving behavior in a more sustainable way.“ (Abstract)

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Ugesiichts den Erkenntnisser vun dëser Etüd, wäerten an Zukunft weider Blëtzmarathone stattfannen? Falls jo, firwat hält de Minister un dëser Positioun fest a wéi eng wëssenschaftlech Erkenntnisser schwätze fir esou Aktiounen?
  2. Wéi vill Infraktioune wéinst der Iwwerschreidung vun der Vitesslimitt goufen an de leschte 4 Joer constatéiert? 
  3. Wéi vill Infraktioune wéinst der Iwwerschreidung vun der Vitesslimitt goufen an de leschte véier Joer op den Deeg vun deenen eenzele Blëtzmarathone constatéiert?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert