Connect with us

Questions parlementaires

Mobilitéit beim Staat: Mam gudde Beispill virgoen?

A menger parlamentarescher Fro n°347 wollt ech Informatiounen iwwert der Fuerpark vum Staat an der Regierung wëssen. Ech krut doropshin Zuele fir d’Joren 2014 bis 2019 geliwwert. Des Weideren krut ech d’Informatioun, dass d’Regierungsmembere prinzipiell mat Plug-In-Autoe fueren. Déi hunn – laut der virëschter NEFZ-Norm – ee méi niddrege Verbrauch an CO2-Ausstouss. 

D’Ekonomie vun de Plug-In-Hybriden variéiert allerdéngs staark, jee no Fahrstil an Verkéierssituatioun. Duerch déi nei europäesch Ausstoussnorm WLTP ginn d’Verbrauchs– an d’Emissiounswäerter allerdéngs staark relativiséiert. Den theoreteschen CO2-Ausstouss vu Plug-In-Autoen geet duerch de WLTP–Berechnungsmodell staark an d’Luucht.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Elektroautoen a wéi vill Autoe mat Verbrennungsmotor goufen 2019 fir de Fuerpark vum ëffentlechen Déngschtkaf?
  2. Wéi héich waren d’Ausgabe fir de Fuerpark vun den eenzele Ministère vum ëffentlechen Déngscht am Joer 2019?
  3. Bei den Autoe vun de Regierungsmemberen handelt et prioritär ëm Hybrid a Plug-In Hybrid-Autoen, wéi d’Ministere mir an der vireger Fro äntweren.
    1. Wéi vill Plug-in-Limousinne sinn am Fuerpark fir d’Regierungsmemberen?
    2. Wéi vill Diesel– oder Bensinsautoe sinn am Fuerpark fir d’Regierungsmemberen?
    3. Wéi vill Diesel– oder Bensinsautoe mat engem Mild-Hybrid sinn am Fuerpark fir d’Regierungsmemberen?
    4. Wéi vill réng Elektroautoe sinn am Fuerpark fir d’Regierungsmemberen?
    5. Wéi vill PS huet de Fuerpark vun der Regierung am Duerchschnëtt?
  4. 2018 louch d’Moyenne vun CO2-Ausstouss vum Fuerpark vun de Regierungsmembere bei 119,35g CO2/km. 
    Fir d’Joer 2020 an 2019, opgelëscht no der NEFZ– an der WLTP–Ausstoussnorm,
    • wéi vill Emissioune CO2 stéisst de Fuerpark vun de Regierungsmemberen aus? 
    • wéi vill Liter/100km verbraucht de Fuerpark am Duerchschnëtt?
  5. Fir wéi ee Joer ass geplangt de Fuerpark vun de Regierung emissiounsfräi ze kréien?
  6. Ass geplangt, dass d’Autoen, déi fir den Empfang vun auslännesche Gäscht benotzt ginn, an noer Zukunft duerch Elektroautoen ersetzen? Falls nee, firwat net?
Continue Reading
2 Comments

2 Comments

  1. Jos Hermes

    März 1, 2020 at 9:15 am

    Mech géing interesséieren wat mat dem ale Fuerpark geschitt wann e sollt ersat gin?
    Gin déi al Autoen verkaf oder verschrott?

  2. Jos Hermes

    März 2, 2020 at 10:40 am

    Typesch Politiker: alles ass transparent, awer wann een eng Fro stellt krit een keng Äntwert.

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert