Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et
virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir
Energie, Mobilitéit & Wirtschaft weiderzeleeden.
No den Informatiounen vu verschiddenen Ëmweltorganisatiounen gëtt
an der EU ëmmer nach op Palmueleg zeréckgegraff fir de Biodiesel ze
produzéieren.
D’Versatilitéit fir den industriellen Asaz vum Palmueleg ass
albekannt. Ob am Schockela, a Seefen oder am Päsch, säitdem de Palmueleg
bekannt gouf, a bal allen industrielle Produiten ass dësen bëllege
Rohstoff ze fannen. Den Informatiounen vu Greenpeace no, ass an
all zweete Produit an engem Supermarché Palmueleg dran. Well
d’Uelegpalm dat ganzt Joer iwwer wiisst an d’Friichten een heéien Ertrag
un Ueleg hiergëtt, huet Industrie vun ufanks un vum Palmueleg
profitéiert fir bëlleg Masseprodukter op de Marchéen ze verkafen, vun
Liewensmëttel bis zu industrielle Gidder.
Dëst awer op Schued vun der Ëmwelt. Et ass allzäit bekannt,
dass den Ubau vum Palmueleg schwéier ekologesch Konsequenzen mat sech
zitt. Länner, déi wirtschaftlech op den Export vun dësem Rohprodukt
ugewise sinn, hunn ouni Récksiicht op d’Natur Milliounen un Hektaren u
Bëscher ofgeholzt fir esou méi Ubauflächen fir d’Uelegpalm ze schaffen.
Mat der steigender weltwäiter Demande hunn déi Länner am gläichen Tempo
d’Offer erhéicht an esou nach méi Bëscher ofgeholzt, well den
wirtschaftlechen Erfolleg si dozou verleet huet.
Dass de Palmueleg a Liewensmëttel Uwendung fënnt, ass eng
Saach. Dass aanerersäits an Europa grouss Raffinerien awer weiderhin op
de Palmueleg setzen, fir Biodiesel hierzestellen, ass awer eng ganz
aaner. Dat ass ugesiichts vum Honger an der Welt keng responsabel
Approche.
Den Informatiounen vum Réseau Climat Action
no, ass den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel, deen an der EU verdriwwe
gëtt, an de leschte Joren ëmmer weider an d’Luucht gaangen. Erreischt no
2030 soll den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel ganz verbuede ginn, dëst
op d’Decisioun vun der EU. Wann een awer weess, dass nom IPCC-Rapport
d’CO2-Emissiounen bis 2030 ëm 45% musse reduzéiert ginn a gläichzäiteg
de Verbrauch vum Palmueleg aktuell steigt an domat och ëmmer méi
Bëschflächen ofgeholzt ginn, da musse scho fréier Alternativen zum
Gebrauch vum Palmueleg als Dreifstoff fonnt ginn.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Wéi vill Zorten Dreifstoff, déi zu Lëtzebuerg op den Tankstelle verkaf ginn, enthale Palmueleg?
- Wéi vill Tonnen Palmueleg gi schätzungsweis all Joer verbraucht, fir den Dreifstoff, den op lëtzebuergeschen Tankstelle verkaaft gëtt, ze produzéieren (vun 2014 bis 2019)?
- Wéi eng Mesurë wëll d’lëtzebuergesch Regierung zu Lëtzebuerg souwéi op europäeschem Niveau ënnerhuelen, fir de Gebrauch vu Palmueleg am Dreifstoff scho virun 2030 ze reduzéieren?