Connect with us

Questions parlementaires

Palmueleg

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Energie, Mobilitéit & Wirtschaft weiderzeleeden. No den Informatiounen vu verschiddenen Ëmweltorganisatiounen gëtt an der EU ëmmer nach op Palmueleg zeréckgegraff fir de Biodiesel ze produzéieren.

D’Versatilitéit fir den industriellen Asaz vum Palmueleg ass albekannt. Ob am Schockela, a Seefen oder am Päsch, säitdem de Palmueleg bekannt gouf, a bal allen industrielle Produiten ass dësen bëllege Rohstoff ze fannen. Den Informatiounen vu Greenpeace no, ass an all zweete Produit an engem Supermarché Palmueleg dran. Well d’Uelegpalm dat ganzt Joer iwwer wiisst an d’Friichten een heéien Ertrag un Ueleg hiergëtt, huet Industrie vun ufanks un vum Palmueleg profitéiert fir bëlleg Masseprodukter op de Marchéen ze verkafen, vun Liewensmëttel bis zu industrielle Gidder.

Dëst awer op Schued vun der Ëmwelt. Et ass allzäit bekannt, dass den Ubau vum Palmueleg schwéier ekologesch Konsequenzen mat sech zitt. Länner, déi wirtschaftlech op den Export vun dësem Rohprodukt ugewise sinn, hunn ouni Récksiicht op d’Natur Milliounen un Hektaren u Bëscher ofgeholzt fir esou méi Ubauflächen fir d’Uelegpalm ze schaffen. Mat der steigender weltwäiter Demande hunn déi Länner am gläichen Tempo d’Offer erhéicht an esou nach méi Bëscher ofgeholzt, well den wirtschaftlechen Erfolleg si dozou verleet huet.

Dass de Palmueleg a Liewensmëttel Uwendung fënnt, ass eng Saach. Dass aanerersäits an Europa grouss Raffinerien awer weiderhin op de Palmueleg setzen, fir Biodiesel hierzestellen, ass awer eng ganz aaner. Dat ass ugesiichts vum Honger an der Welt keng responsabel Approche.

Den Informatiounen vum Réseau Climat Action no, ass den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel, deen an der EU verdriwwe gëtt, an de leschte Joren ëmmer weider an d’Luucht gaangen. Erreischt no 2030 soll den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel ganz verbuede ginn, dëst op d’Decisioun vun der EU. Wann een awer weess, dass nom IPCC-Rapport d’CO2-Emissiounen bis 2030 ëm 45%  musse reduzéiert ginn a gläichzäiteg de Verbrauch vum Palmueleg aktuell steigt an domat och ëmmer méi Bëschflächen ofgeholzt ginn, da musse scho fréier Alternativen zum Gebrauch vum Palmueleg als Dreifstoff fonnt ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Zorten Dreifstoff, déi zu Lëtzebuerg op den Tankstelle verkaf ginn, enthale Palmueleg?
  2. Wéi vill Tonnen Palmueleg gi schätzungsweis all Joer verbraucht, fir den Dreifstoff, den op lëtzebuergeschen Tankstelle verkaaft gëtt, ze produzéieren (vun 2014 bis 2019)?
  3. Wéi eng Mesurë wëll d’lëtzebuergesch Regierung zu Lëtzebuerg souwéi op europäeschem Niveau ënnerhuelen, fir de Gebrauch vu Palmueleg am Dreifstoff scho virun 2030 ze reduzéieren?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert