Connect with us

Questions parlementaires

Visitt beim Ex-Wirtschaftsminister

Wéi d’Lëtzebuerger Land a senger Editioun vum 19.04.2024 mellt, stoung bei der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel an de Vertrieder vun der lëtzebuerger Regierung um Mëttwoch och eng Visitt vun der Firma Jan De Nul Group um Programm. Den Ex-Wirtschaftsminister Etienne Schneider ass hei Member am Verwaltungsrot. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass dës Firma wärend der Staatsvisitt besicht ginn?

  2. Wéi eng aner Firmen si wärend der Visitt an der Belsch besicht ginn?

  3. Hält d’Regierung et net fir onpassend, eng Firma vun engem Ex-Minister besichen ze goen, bei deem no sengem Austrëtt aus der Politik kloer ginn ass, datt en op Staatskäschten ee luxuriéist Liewe gefouert huet (https://www.reporter.lu/luxemburg-minister-auf-reisen-die-spesen-bilanz-von-blau-rot-gruen/) an ënner dem senger Verantwortung de LUXEOSys Satelitte-Projet finanziell all Kader gesprengt huet?

  4. Wat fir eng Kooperatioun gëtt et tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der genannter Firma?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 645

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert