Questions parlementaires
Méi séier bauen beim Staat
Déi nei Regierung huet sech op de Fändel geschriwwen, fir d’Prozeduren am Bau ze vereinfachen an d’Bauen esou ze beschleunegen. An deem Kader freet een sech dann, wou een dës ka beschleunegen. Dëst fir d’éischt beim Staat selwer, wou vill verschidden Acteure mussen zesumme schaffen, dëst zum Beispill am Kader vum Bau vu Centres culturels, Schoulen an anere Gebaier.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi schafft den SNSFP, d’ITM an zum Beispill den CGDIS bei staatleche Projeten zesummen? Bei wéi engen Etappen ass dëst de Fall?
Wéi eng Ressourcen a Prozedure kéint een hei zesummeleeë fir d’Prozedur insgesamt ze beschleunegen?
Falls d’Regierung heizou nach keng Ausso ka maachen, wäert si dës Analys dës Legislaturperiod maachen? Falls jo, bis wéini? Falls nee, firwat net?
QP Nummer 671