Questions parlementaires
Subside fir Photovoltaikanlagen an de Gemengen
De Staat leet aktuell iwwert de Programm Klimabonus bis zu 62,5% fir de Kaf an d’Installatioun vun der Photovoltaikanlag bäi. Verschidde Gemenge leeën zousätzlech dozou och nach e puer Suen drop. D’Héicht vun der Hëllef hänkt hei allerdéngs dovunner of, a wéi enger Gemeng dass ee wunnt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Kënnen d’Ministeren oplëschten, wéi héich de maximale Subsid ass, deen déi eenzel Gemengen hei am Land fir de Kaf an d’Installatioun vun enger Photovoltaikanlag bäileeën?
QP Nummer 733