Connect with us

Questions parlementaires

Verbuet vu Crypto-Derivathandel an Holland

Hollännesch Cryptotrading-Plattforme mellen, dass d’Traden mat Derivater verbuede gëtt. De Grond dofir ass d’Implementéierung vun der EU-Antigeldwäsch-Direktiv (AMLD5). Vill Crypto-Investisseure ginn elo kreativ a sichen Ëmweeër iwwert d’Legislatioune vun anere Länner, wéi zum Beispill déi Vereenegt Arabesch Emirater, Palau, etc. Zu Lëtzebuerg gouf d’EU-Direktiv mam Gesetz vum 10te Juli 2020 ëmgesat. Zu Lëtzebuerg ass Crypto-Traden mat Derivater aktuell nach méiglech.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert och zu Lëtzebuerg de Crypto-Trading mat Derivater weiderhin erlaabt bleiwen?

  2. Am Koalitiounsaccord ass näischt zu Crypto-Wärungen an Handel ze fannen. Wéi eng Pläng huet d’Regierung diesbezüglech fir Lëtzebuerg?

  3. Huet d’Regierung Kenntnis, wéi vill Plattformen fir den Echange vu Cryptowährungen hir Servicer hei zu Lëtzebuerg ubidden?  Falls jo, wéi eng Plattformen sinn dat? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 565

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert