Connect with us

Questions parlementaires

Solarstroum als Charge

An de leschte Joren hunn ëmmer méi Leit eng Solaranlag (Photovoltaikanlag) op den Daach vun hirem Haus installéiert. Dës Politik bréngt fir d’Leit verschidde Virdeeler an hëlleft virun allem eisem Land, fir dem Klimawandel entgéintzewierken a méi onofhängeg vum Ueleg aus anere Länner ze ginn. Als Independant kann ee verschidde Käschten als Charges d’exploitation geltend maachen, wann dës am Zesummenhang mat de professionellen Aktivitéite vun der Firma sinn. Ee klassescht Beispill dofir sinn d’Käschten vun engem Auto, dee fir d’Aktivitéiten vun enger Firma genotzt gëtt. Beim klassesche Verbrenner kann de Steierzueler d’Rechnung vum Sprit oder vun der ëffentlecher Luetstatioun direkt dofir notzen am Zesummespill mam Faahrtebuch. Et gëtt allerdéngs e bësse mi onkloer, wann de Stroum fir den Elektroauto am Doheem vum Steierzueler gezaapt gëtt. Um Site vun der Steierverwaltung ass Folgendes erkläert: „les frais de voiture subis par le chef d’entreprise ne seront déductibles que dans la limite de l’utilisation professionnelle de la voiture. Il appartient au chef d’entreprise d’apporter la preuve du caractère déductible de la dépense, par exemple sur base du carnet de route.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi eng Modalitéite muss de Steierzueler oppassen, wann hien de Stroum, deen hien aus senger Solaranlag fir ee Firmenauto zaapt, als Charges d’exploitation wëll geltend maachen? 

  2. Wéi eng Beweiser muss de Steierzueler an dësem Fall kënne presentéieren, fir de gezaapte Stroum als Charge d’exploitation kënne geltend ze maachen? 

  3. Wéi eng Plaffongen oder Limitten gëllen an dëse Fäll?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 576

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert