Questions parlementaires
Personalsituatioun bei den CFL
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum nationale Mobilitéitsplang (PNM2035) z’erreechen. Am ganze Grupp CFL schaffe ronn 5000 Leit, dat wieren also insgesamt gekuckt 2000 Leit méi (Passagéierverkéier a Cargo). Deemno missten d’CFL ab elo all Joer am Schnëtt 200 nei Leit astellen, fir d’Zil z’erreechen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi deelen sech d’Personal bei den CFL op tëschent dem Passagéierberäich an dem Fret?
Wéi vill Persounen sinn iwwert déi lescht 3 Joren bei den CFL am Passagéierberäich agestallt ginn, opgelëscht no Joer?
Wéi vill Persounen hunn iwwert déi lescht 3 Joren d’CFL am Passagéierberäich verlooss (Pensiounen, Kënnegungen, Wiessel an de Fret, etc.), opgelëscht no Joer?
Wéi wëll d’Ministesch dofir suergen, dass d’CFL ronn 200 Persounen pro Joer astellen? Wéi eng Virdeeler wäert d’CFL am Vergläich zu anere Verwaltungen kënne bidden? Wéi dréit d’CFL hei den Ëmstänn um Aarbechtsmarché Rechnung, dass beim Staat a verschiddene Verwaltungen och massiv rekrutéiert gëtt?
QP Nummer 589