Connect with us

Questions parlementaires

Verbuet vun Hausdéieren a Wunnengen – Nofro

A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien, fir een Hausdéier an hirer Wunneng ze halen, wann de Proprietär net domadder averstanen ass. Bei enger Locatioun kann de Proprietär d’Hale vun engem Hausdéier a senger Wunneng am Mietkontrakt explizitt verbidden. A verschiddene Fäll ass et souguer virkomm, dass Persoune mat Assistenzhënn virun de Choix komm sinn, hiren Hond, op Drock vun der Assemblée des Propriétaires, mussen ewechzeginn oder aus der Residence ze plënneren. Déi vireg Regierung hat erkläert, hei net wëllen anzegräifen, fir d’Hale vun Déieren a Wunnenge speziell ze reegelen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert dës Regierung eppes ënnerhuelen, fir dass Leit mat Hausdéieren um Wunnmarché besser geschützt ginn a falls jo, wéi eng Piste wäert d’Regierung hei aschloen? Falls nee, wéi solle Leit, déi wéinst hiren Hausdéiere keng Locatiounswunneng kréien, sech uleeën, fir am Eeschtfall hiert Hausdéier net ewech mussen ze ginn oder aschléiferen ze loossen, well si soss den Daach iwwert dem Kapp verléieren?

  2. Kann ee Proprietär och enger Persoun mat enger Beanträchtegung verbidden, fir een Assistenzhonnn a senger Wunneng ze halen, bzw. ass dat ee Grond fir ee Mietkontrakt ze kënnegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 611

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert