fbpx
  • Questions parlementaires

    Voll Bréifkëschten a vill Dreck – gehéiert Werbung an der Bréifkëscht ofgeschaaft?

    Verschidde Stied an Holland hunn säit knapps engem Joer hir Quantitéiten u Pabeieroffäll duerch eng simpel Mesure reduzéiert, wéi verschidden Zeitungen am Ausland beriichten. Deemno kënnen Haushälter an Holland duerch een Opt-in decidéieren, ob si wëlle Werbung a Form vu Pabeier an hier Bréifboîte gehäit kréien. Dofir mussen si nëmmen op hirer Bréifboîte uginn, dass si Werbung erhale wëllen. All Werbung, déi net explizitt un eng Persoun adresséiert ass, däerf net ouni d’Averständnis vun der Persoun an d’Bréifboite geheit ginn. Entreprisen, déi sech net dorunner halen, kënne vun de Leit gemellt ginn a sinn da gezwongen héich Geldstrofen ze bezuelen. Duerch dës Mesure huet d’Stad Amsterdam, den Informatioune vum Site geo.deno, zirca 34 Kilo Offäll pro Haushalt pro Joer agespuert. An deem…

  • Questions parlementaires

    Tankstell Steebrécken– ass dat Ëmweltpolitik?

    An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1303 schreiwen d’Ministeren, dass de Konzessionär vun der Tankstell op der A4 – beim Echangeur Steebrécken – gewiesselt huet. Wärend der Zäit vun den Aarbechten um Echangeur ass de Site vun der Tankstell gespaart. D’Ministere schreiwen, dass de Flux vu Clientë sech deementspriechend op aner Tankstellen op de lëtzebuergesche Grenze verréckelt huet. D’Bäibehale vun der Statioun um Echangeur Steebrécken gouf och am Regierungsaccord festgehalen. An dem Kontext stellt sech d’Fro vun der Koherenz an der Kredibilitéit vun der Ëmweltpolitik vun der Regierung. Wëssend, dass den Tanktourismus grondsätzlech ee groussen Impakt op den ekologesche Foussofdrock vum Grand-Duché huet, kënnt d’Verlängerung vun der Konzessioun enger Ënnerstëtzung…

  • Questions parlementaires

    Plastiksgadgeten beim Staat

    Op Eventer oder Fester si Gadgeten ee gutt Mëttel fir mat de Participanten an d’Gespréich ze kommen a fir beim Géigeniwwer an Erënnerung ze bleiwen. Och beim Staat gräife verschidde Ministèren op Gadgeten zeréck, déi dann op Eventer verdeelt ginn. Esou sinn op verschiddene Events, un deene Administratiounen deelhuelen heiansdo Loftballone mat der Opschrëft “Letz make it happen” ze gesinn, déi dekorativ opgehaangen oder verdeelt ginn.  A Kreesser vun Ëmweltschützer gi virun allem d’Loftballone schaarf kritiséiert, well et sech ëm Plastik handelt, deen no enger eemoleger Notzung bal ëmmer an der Dreckskëscht, oder nach schlëmmer an der Natur lant wou Déieren drun erstecke kënnen. Am Kader vun der neier EU-Richtlinn iwwert…

  • Questions parlementaires

    Zigarette gehéiere net an d’Natur

    Ob an der Stroossen, um Trottoir oder am Gréngs: op ville Platzen uechtert d’Land fënnt een ewechgehäiten Zigarettestommelen. De Geste fir ee Stommel ewechzegeheien ass kuerz. D’Konsequenze fir d’Ëmwelt sinn allerdéngs op laang Dauer immens grave, well an de Stommelen eng Réi toxesch Materialien ze fanne sinn. De Stommel brauch Jore bis en sech zersetzt, falls virdrun net schonn een Déier en gefriess huet. An dësem Zersetzungsprozess gelange Chemikalien – wéi zum Beispill den Arsen, Nikotin, Blei, Chrom, Kopper oder Cadmium – an eis Ëmwelt. Iwwert de Buedem kënnen des Stoffer dann och an eist Grondwaasser gelaangen. D’Konsequenze vum Zigarettestommel fir d’Natur si säit laangem bekannt an se sinn bedenklech.…

  • Questions parlementaires

    Bëschverloscht

    D’EU-Kommissioun huet den 23. Juli 2019 op hirer Website informéiert, dass tëscht 1990 an 2016 1,3 Millioune Quadratkilometer Bëscher verluere gaange sinn. Dat entsprécht engem Bëschtverloscht vu ronn 500 Mol der Gréisst vu Lëtzebuerg oder 3 an hallef mol der Gesamtfläch vun Däitschland. Wëssend, dass d’Bëscher Groussraim vu Biodiversitéit sinn an och fir d’Klima immens wichteg si well d’Planzen den CO2 aus der Loft bannen,sinn dës Zuelen alarméierend. Et ass awer net just un der Europäescher Unioun, mee un deenen eenzele Memberstaaten fir do hir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen. D’Regierung huet de Schutz vum Bësch an hirem Koalitiounsaccord opgeschriwwen. An deem Zesummenhang hu mir der Ëmweltministesch dës Froe gestallt: Wéi vill…

  • Questions parlementaires

    Palmueleg

    Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Energie, Mobilitéit & Wirtschaft weiderzeleeden. No den Informatiounen vu verschiddenen Ëmweltorganisatiounen gëtt an der EU ëmmer nach op Palmueleg zeréckgegraff fir de Biodiesel ze produzéieren. D’Versatilitéit fir den industriellen Asaz vum Palmueleg ass albekannt. Ob am Schockela, a Seefen oder am Päsch, säitdem de Palmueleg bekannt gouf, a bal allen industrielle Produiten ass dësen bëllege Rohstoff ze fannen. Den Informatiounen vu Greenpeace no, ass an all zweete Produit an engem Supermarché Palmueleg dran. Well d’Uelegpalm dat ganzt Joer iwwer wiisst an d’Friichten een heéien Ertrag un Ueleg hiergëtt, huet…

  • Questions parlementaires

    Pabeierverbrauch an de Ministèren

    Mir wëlle wëssen, wéi vill Pabeier nach beim Staat zum Asaz kennt, wat dat kascht a wéi de Pabeierverbrauch reduzéiert soll ginn. Hei ass eis Fro: Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, Finanzen & Administrativ Reform weiderzeleeden. Wann een un bürokratesch Prozeduren denkt, denkt ee gären och un d’Ausfëlle vu Pabeier. Ee moderne Staatsapparat muss am digitalen Zäitalter allerdéngs “paperless” fonctionnéiere kënnen. Nieft dem Fakt, dass digital Inhalter mat engem normalen Internetzougang vun iwwerall aus disponibel sinn, ass et eleng schonn aus ekologesche Grënn sënnvoll Pabeier ze vermeiden, wou et méiglech ass.…

  • Questions parlementaires

    Plastikverbrauch zu Lëtzebuerg

    Eent vun den Haaptthemen an der Ëmweltpolitik betrefft déi zukünfteg Handhabung vum Plastik. Ee Groussdeel vun der Gesellschaft huet mëttlerweil begraff, dass de Plastik net als nohalteg Ressource daagt an dass d’Politik fir d’Ëmwelt ze schützen d’Produktioun, d’Verwennung an d’Entsuergung vum Plastik besser reguléiere muss. An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen: Wéi vill Tonne Plastiksoffall (Bioplastik ausgeholl) sinn tëscht 2013 an 2019 insgesamt souwéi amDuerchschnëtt pro Kapp zu Lëtzebuerg entstanen? Ass de Gebrauch vum Plastik erop gaangen oder huet en sech reduzéiert? Wéi ass dës Tendenz ze erklären? Opgelëscht no Joer, wéi eng konkret Mesuren huet d’Regierung säit 2013 ënnerholl fir de Konsum vum Plastik ze…