Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: Rekrutement beim CGDIS

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu

2018 goufen d’Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg nei organiséiert an an dem Kontext gouf duerch d’Gesetz vum 27te Mäerz 2018 de Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) geschaf. D’Land zitt an engem Artikel vum 10.1.2020 ee klenge Resumé aus dem leschten annerhallwe Joer vum CGDIS.

„Hier stößt das CGDIS an dieselben Probleme wie vergleichbare luxemburgische Institutionen, das heißt Polizei und Armee. Haben die beiden Letztgenannten ein reines Rekrutierungsproblem, so hat das CGDIS zusätzlich ein Ausbildungsproblem vor allem der Führungskräfte und hat sein Selbstverständnis noch nicht definiert.“

Weider kommentéiert den Auteur iwwert d’Ëmsetzung vu folgendem Punkt aus dem Koalitiounsaccord:

„Ce dialogue structuré, impliquant les représentants des différents départements ministériels concernés, thématisera les dispositifs et moyens nécessaires, utiles et adaptés pour rendre le bénévolat efficient et attractif. […] Une attention particulière sera portée aux pompiers bénévoles qui, ensemble avec les pompiers professionnels, sont les piliers de nos services de secours.“ (Säit 54)

„Es fehlt genau an dem geforderten strukturierten Dialog. Der könnte auch dazu führen, dass Politik und Verwaltung geeignete Sensoren an der Systembasis schaffen, um so ein Frühwarnsystem zu haben, das Fehlentwicklungen anzeigt, bevor massive Unzufriedenheit sich in den Reihen der gemeinen Löschknechte breit macht.“; 

esou d’Land.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill nei Fräiwëlleger a wéi vill Haaptamtlecher goufe säit der Grënnung vum CGDIS rekrutéiert? 
  2. Wéi vill Fräiwëlleger a wéi vill Haaptamtlecher hu säit der Grënnung vum CGDIS als fräiwëlleg Secouristen a Pompjeeën opgehalen?
  3. An der Fro n°1505 huet den honorabelen Deputéierte Sven Clement Froen zum Contrôle médical beim CGDIS gestallt. Hei äntwert d’Ministesch“Déi kierperlech Ustrengung, schaffen ënnert Stress, sou wéi staark Hëtzt där d’Pompjeeën am Asaz ausgesat kënne sinn, si Konditiounen déi spezifesch Ënnersichunge verlaangen. […] Déi nei Bestëmmunge vum Médico erlaben et haut vill besser, dass jidderee besser deene gesondheetlechen Ufuerderungen entsprécht, déi jee no Emploi bzw. Aktivitéit gefuerdert sinn.“Wéi vill Fräiwëlleger si säit der Grënnung vum CGDIS beim Medico duerchgefall an aus wéi enge Grënn?
  4. Ginn et aus der Siicht vun der Ministesch punktuell oder generell personell Enkpäss duerch ee Manktem u Fräiwëlleger?

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert