Connect with us

Questions parlementaires

Wéini gëtt d’Bio-Poubelle endlech flächendeckend agefouert?

D’Chamber hat de 16te Mee 2019 am Kader vun der Debatt zum Klima eng Motioun adoptéiert alles ze ënnerhuele fir Lëtzebuerg zum Spëtzereider an der Offallvermeidung an Offallverwäertung ze maachen. Um Punkt 10 gëtt d’Regierung invitéiert “à assurer à ce que les collectes séparées obligatoires depuis 1994 soient mises en place partout au Luxembourg”. D’Motioun nennt awer keen Datum bis wéini dës Mesurë mussen ëmgesat ginn. Dee gläichen Dag gouf eng Motioun vun de Piraten ofgeleent, déi mam 1.1.2020 ee konkreten Datum fir d’Aféiere vun enger Bio-Poubelle am ganze Land gefuerdert hat an dat ënnert dem Virwand, dass de Punkt 10 vun der adoptéierter Motioun dëst géif virgesinn. 

Aus den Äntwerten op meng parlamentaresch Fro n°903 vum 16te Juli 2019 goung ervir, dass nach net all Gemeng am Land senge Biergerinnen a Bierger d’Méiglechkeet bitt hier Bio-Offäll separat vum Reschtoffall ze entsuergen, mee, dass „déi meescht Gemenge bis 2020 eng Bio-Poubelle wäerten ubidden.“ D’Ministesch hat des Weidere ugemierkt, dass laut dem Offallwirtschaftsgesetz vum 21. Mäerz 2012 d’Gemengen an der Flicht sinn eng Bio-Offallsammlung unzebidden. Den Delai fir dëst ëmzesetze war 2014. 

An deem Zesummenhang hu mir de Ministerinnen dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Tonne Bio-Offäll gouf et am Joer 2019?
  2. Wéi vill Tonne Bio-Offäll si säit 2014 am Reschtoffall gelant (opgelëscht pro Joer)?
  3. Wéi eng Gemenge bidden hire Biergerinnen a Bierger, Stand 2020, keng Méiglechkeet hier Bio-Offäll separat vum Reschtoffall z’entsuergen? 
  4. Wéi eng Gemenge sinn zënter dem Refus vun der Motioun vum 16te Mee 2019 nei am Reseau vun de Bio-Poubellen dobäi komm?
  5. Wéi vill Entreprisë benotze Bio-Poubellen am Betrib? 
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert