Connect with us

Questions parlementaires

Wéi gutt gëtt d’Fleesch vum Wëld kontrolléiert?

An der Hierschtsaison bidde vill gastronomesch Betriber Wëldfleesch un, wat zu Lëtzebuerg geschoss a verschafft gouf. Dëst Fleesch däerf fir de Commerce a fir d’Produktioun vun Iesswuere benotzt ginn. 

D’Juegdgesetz reegelt an dem Kontext den Ëmgank mat Déieren, déi geschoss goufen. Dat geschossent Déier muss virum Ofliwweren an d’Schluechthaus ausgeholl a markéiert ginn. D’Kontroll vum Fleesch gëtt am Schluechthaus duerchgefouert. Wat d’Killketten an d’Hygiènesmesurë betrefft, do bleift d’Gesetz flou. 

An eisen Nopeschlänner bemängelen Déiereschutzorganisatiounen dofir d’Consommatioun vun dësem Fleesch. De Konsum wär bedenklech, wéinst mangelhafter Hygiène, Kontrollen, an deelweis Belaaschtung duerch Toxinnen, resistente Keimen a Schwéiermetaller.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Zäit däerf tëscht dem Ofschoss vum Déier an dem am Gesetz virgesinnen Schluechten vergoen? Anescht gefrot, wéi laang däerf een Déier nom Ofschoss ongekillt leie bleiwen? Kann de Landwirtschaftsminister versécheren, dass dës Delaien ëmmer agehale ginn? 
  2. Wéi eng staatlech onofhängeg Instanze kontrolléieren de Commerce vum Wëldfleesch? Ween kontrolléiert d’Anhale vun der Killketten? Wéi oft sinn dës Instanze bei de Juegten an de Schluechthaiser present fir d’hygienesch Kontrolle vum Wëld duerchzeféieren?
  3. Ass de Landwirtschaftsminister der Meenung, dass de Konsum vu Wëldfleesch onbedenklech ass? Kann de Minister an dem Zesummenhang eng Belaaschtung vum Fleesch duerch Bläi, Dioxinnen, resistent Bakterien a Cäsium ausschléissen?

A menger parlamentarescher Fro n°1403 hat ech déi zoustänneg Ministeren no Informatiounen iwwert geschossent Wëld-Fleesch gefrot. Aus der Äntwert op meng Froen erginn sech mir nei Froen. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Op meng Fro, wéi laang een Déier nom Ofschoss ongekillt däerf leie bleiwen, äntwert d’Regierung:““Des Legislatioun gesäit awer keng fixe Delaie fir, wéini dass geschossent Wëld muss gekillt ginn.“”
    • Ass et deemno méiglech, dass och ongekilltend Wëld-Fleesch an de Verkaf kënnt?
    • Ass d’Killkette bei Juegdfleesch genau esou sécher, wéi um Bauerenhaff geziichtent Fleesch? 
  •  Op meng zweet Fro äntwert d’Regierung:““All d’Karkassen, déi an déi sougenannten „ateliers de traitement de gibier“ vun de Jeeër geliwwert ginn, gi vun den Inspektere vun der Veterinärsinspektioun kontrolléiert, ier se als genusstauglich gestempelt ginn an dann an de Commerce kommen. Bei de Wëllschwäi ginn och nach Prouwe geholl, fir d’Analysen op Trichinen ze maachen.“”
    Opgeschlësselt pro Joer, wéi vill Analyse goufen an de leschten 3 Joer hei gemaach?
  •  Op meng Fro iwwert d’Belaaschtung duerch Bläi, Dioxinen asw. äntwerten d’Ministeren
    „Wat d’Réckstänn vu chemesche Substanze betrëfft, ginn all Joer eng Rei vun Analysen am Kader vun engem Kontrollplang, dee vun enger europäescher Direktive virgeschriwwen ass, gemaach. D’Zuel vun den Analysen an d’Substanzen, déi ënnersicht ginn, kann een am Rapport annuell vun der Veterinërsinspektioun noliesen.“
    Wéi vill Prozent vum Wëld-Fleesch, dat an de Verkaf kënnt, gëtt dësen Analysen ënnerzunn?
  •  Wéi d’Ministere schreiwen, kann een d’Zuel vun den Analysen an d’Substanzen, déi ënnersicht ginn, am järleche Rapport vun der Veterinärsinspektioun noliesen. De leschte Rapport, deen een um Site vun der Regierung fënnt, ass aus dem Joer 2016. Existéiere Rapporten aus de leschten 3 Joren a falls jo, wou kann een dës fannen? 
  • Am Rapport vun 2016 goufen 100 vun 100 Wëld-Analysen positiv op B3c (Métaux Lourds) getest. 
    • Ëm wéi eng en Schwéiermetaller handelt et sech genau?
    • Ab wéi engem Schwellewäert ass de Konsum vu B3c bedenklech fir d’Gesondheet vum Mënsch a wat de reellen Taux bei den Analysen?
    • Ab wéi enge Konzentratioune schwätzt ee vun enger signifikativer Belaaschtung bei de jeeweilege Réckstänn?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert