Connect with us

Questions parlementaires

Sekten zu Lëtzebuerg

Här President,

An menger parlamentarescher Fro n° 1073 vum 20. August 2019 hunn ech den Dammen an Häre Ministere vun de Cultes, der Sozialversécherung an der Famill ënnert anerem d’Fro gestallt ob et innerhalb vun de reliéise Communautéiten zu Lëtzebuerg Tendenze ginn, déi favorabel zu Konversiounstherapië sinn, respektiv ob et Communautéite ginn, déi Homosexualitéit als anormal ugesinn an déi Meenung, voire Iwwerzeegung, och aktiv promouvéieren.

An hirer Äntwert präziséieren d’Dammen an Hären Ministeren, datt am nationale LGBTI-Aktiounsplang näischt virgesinn ass a punkto Konversiounstherapien. Aktuell weist d‘europäesch Tëleeschaîne ARTE e Reportage iwwert déi sougenannte Konversiounstherapien. Vereenzelt Sekten an reliéis Communautéite promouvéieren offensichtlech am noen Ausland aktiv esou Praktiken a bidden homosexuelle Mënschen, respektiv den Eltere vun homosexuelle Jonken hier Déngschter un. De Sujet gëtt lues a lues ëmmer méi thematiséiert. D‘Belsch, Frankräich an Däitschland plangen souguer e Verbuet vun esou Therapien.  Konversiounstherapien (an Heelungen) si sécherlech net déi eenzeg Gefor, ma si weise wéi onwëssenschaftlech an onmënschlech mat der Perséinlechkeet an der Gesondheet vu Mënsche gespillt gëtt. En anert Beispill fir doutéis Traitementer, si sougenannte „Services de Guérison“, déi kranke Mënschen Heelung duerch spirituell Ritualer verspriechen. Esou Servicen existéiere mainfestement och zu Lëtzebuerg. Wann dës Therapien eppes verdäitlechen, dann ass et, datt et wichteg ass een Organ ze hunn, wat am An behält, op wéi eng Manéier sech Reliounen, verschidde sektär Gruppéierungen, an och reliéis gepräägten Communautéiten, ob Fräikierchen oder konventionéiert Glawensgemeinschaften, sech entwéckelen an ob si an Iwwerteneestëmmung mat eiser fräier demokratescher Gesellschaftsuerdnung, de Mënscherechter an der Selbstbestëmmung vum Mënsch leien. Zu Lëtzebuerg gëllt laut eiser Verfassung d‘Reliounsfräiheet, an dës gehéiert zu der Fräiheet an zum Schutz vun all Eenzelen. Reliéis Gemeinschaften, déi d‘Fräiheet awer contrecarréiere schiedegen d‘Demokratie an domat och all déi Glawensgemeinschaften, deenen hir Glawenspraktik „de bonne foi“ ass.  A Frankraïch gëtt et duerch den Dekret vum 28. November 2002 d’ « Mission interministérielle de vigilance et de lutte contre les dérives sectaires ». Dëst Organ huet als Missioun, sektär Mouvementer ze observéieren, déi eng Gefor sinn fir den Ordre public, d’Mënscherechter an d‘grondleeënd Fräiheete vum Mënsch. Dëss weideren ass d’ « MIVILUDES » dofir zoustänneg, Präventioun am Beräich Sekten ze leeschten an de Public ze sensibiliséieren an ze informéieren. Bei eise belschen Nopere gëtt et zanter dem Joer 2000 de CIAOSN – de Centre d’information et d’avis sur les organisations sectaires nuisibles « visant à élaborer une politique en vue de lutter contre les pratiques illégales des sectes et le danger qu’elles représentent pour la société et pour les personnes, particulièrement les mineurs d’âges ». 

Zu Lëtzebuerg gëtt et momentan keng equivalent Organisatioun an et gëtt och keng Base de données beim Ministère vun der Justiz, déi et géif erlabe Réckschlëss op d’Unzuel, d’Charakteristiken an d’Gefore vu Sekten oder Organisatiounen mat sektären Zich ze zéihen. Wärend ëmmer manner Leit sech zu Lëtzebuerg fir de kathoulesche Glawen entscheeden, fënnt parallel zu dëser Entwécklung eng Zerspläiterung vum reliéise Spektrum statt. Sougenannte Fräikierche kommen ëmmer méi op. Oft ass net kloer wéi eng Forme vu Glawen an dëse Fräikierche gelieft ginn an ob se antidemokratesch, onfräitheetlesch Zich presentéieren oder net. Op Säite vun der kathoulescher Communautéit ginn et eng jett Gemeinschaften, déi net Member si vum Conseil d’églises chrétiennes au Luxembourg. Et gëtt also fir dës Fräikierche weder en institutionellen Lien mat den offizielle reliéisen Communautéiten, nach mam Staat. Och bei den anere Reliounen ass den Trend de selwechten. En Observatoire wier dowéinst e Moyen dëss Tendenzen am Aa ze behalen.

An deem Zesummenhang hu mir de Ministeren dës Froe gestallt:

  1. Wien erhieft de Moment zu Lëtzebuerg Donnéeën iwwert Sekten?
  2. Misst de Minister vun de Culten oder d‘Ministesch vun der Justiz op dësem Domaine net aktiv ginn an déi néideg Informatiounen iwwert Sekten sammelen?
  3. Aner europäesch Länner hu säit laangem „Observatoiren“ ageriicht, déi dofir zoustänneg sinn „Dérives sectaire‘en“ ze suivéieren, Opklärungsaarbecht ze leeschten an d‘staatlech Verwaltungen mat Rot an Äntwert zur Säit ze stoen. Dir Dammen an Häre Minister, ass geplangt hei zu Lëtzebuerg eng ähnlech Instanz an d‘Liewen ze ruffen? Falls jo, wéi géif dës ausgesinn? Wann net, firwat net?
  4. Wéi aus der Äntwert op d‘parlamentaresch Fro n°1073 ervirgeet, wäert de Familljeministère sech mat der Fro vun de Konversiounstherapien auserneesetzen. Ass dëst scho geschitt? Falls jo, wat ass d‘Resultat vun dëser Evaluatioun? Falls net, wéini kann een mat enger Conclusioun rechnen, wëssend datt eventuell entretemps weider Leit geschiedegt ginn?
  5. Wéi steet den Här Kultusminister zum Trend vun der Zerspläiterung vun der reliéiser Landschaft an dem verstäerkten Opkomme vu Fräikierchen? Geet senger Meenung no eng Gefor vun dëser Entwécklung aus? 
  6. Wéi steet de Kultusminister an d‘Ministesch vun der Justiz zum Fait, datt verschidden reliéis Communautéiten sougenannten „Services de guérison“ ubidden? Ass dësst an den Aen vun den Dammen an Häre Ministeren eng legitim Denominatioun vun sou engem Service, wëssend datt et sech heibäi net ëm wëssenschaftlech fondéiert Behandlungen handelt?
  7. Wéi steet de Kultusminister perséinlech zu de sougenannten Konversiounstherapien? Kann hien garantéieren, datt et esou Therapien um lëtzebuerger Terrotoire net ginn an kann hien och ausschléissen datt Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, hir Kanner a Konversiounstherapien an d‘Ausland schécken, respektiv sech selwer am Ausland behandelen loossen? Wéi gëtt dëst verhënnet?
  8. Här Edukatiounsminister, inwiefern ginn jonk Biergerinnen a Bierger an der Schoul, beispillsweis am Cours „Vie et Société“ op d‘Geforen vu sektären Organisatiounen higewisen? 
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert