Connect with us

Questions parlementaires

IT-Sécherheet vum Luetnetz

Ee rezenten Artikel vum 14te Mee 2026 op Heise.de informéiert iwwert potenziell Schwachstellen an der IT-Sécherheet vun ëffentleche Luetstatiounen fir Elektroautoen. Den Artikel verweist op de Bericht zur IT-Sicherheit der öffentlichen Ladeinfrastruktur vum Bundesamt für Sicherheit in der Informationstechnik (BSI). Laut dem BSI kéinten onsécher Kommunikatiounsprotokoller, Software-Schwachstellen a Problemer bei der Zertifikatsverwaltung am schlëmmste Fall net nëmmen eenzel Luetstatiounen, mee d’Stabilitéit vum Stroumnetz beaflossen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung d’Risiken, déi am BSI-Rapport fir ëffentlech Luetinfrastrukturen identifizéiert goufen, am Kontext vum Lëtzebuerger Netz?

  2. Wéi eng IT-Sécherheetsufuerderunge gëlle fir ëffentlech Luetstatiounen zu Lëtzebuerg, notamment am Beräich vun der Verschlësselung, Authentifikatioun an der Kommunikatioun mat Backend-Systemer?

  3. Goufen zu Lëtzebuerg schonn IT-Sécherheetsauditen, wéi dee vum BSI, bei ëffentleche Luetstatiounen duerchgefouert, a falls jo, mat wéi engen Haaptresultater?

  4. Wéi gëtt verhënnert, datt ëffentlech Luetinfrastrukturen net fir Attacken op aner kritesch Infrastrukture benotzt kënne ginn, notamment op d’Stroumnetz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4124

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert