Connect with us

Questions parlementaires

Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°971 hat ech d’Inneministesch iwwert d’verspéit Nobezuelunge beim CGDIS befrot. An hirer Äntwert schreift d’Ministesch :

Fir déi Asätz, déi tëschent dem 1. Juli 2018 an dem 1. Juli 2019 gefuer gi sinn, huet de Verwaltungsrot vum CGDIS, den 27. Juni 2019, no der Analyse vun den disponibelen Donnéeën, der Direktioun den Optrag ginn, fir de Solde vum Budget „prorata“ op d’Unzuel vun Asatz pro Member opzedeelen an auszebezuelen. […] Uganks August krut d’Firma, déi fir de Programm fir d’Gestioun vun den Interventionen (LuxDoc) zoustänneg ass, den Optrag fir all d’Donnéeën déi néideg si fir d’Ausbezuele vun den Asatz aus dem LuxDoc ze zéien. No engem Contrôle vun den Zuelen, kënnen d’Indemnitéiten iwwerwise ginn, woubai och all déi Memberen eppes kréien, déi net u feste Garden oder Permanencen deelgeholl hunn, mee bei enger „Alerte générale“ op den Asaz waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Inneministesch dës Froe gestallt:

  1. Sinn, Stand haut, all deemools ausstoend Indemnitéiten ausbezuelt ginn? Falls net, wéi vill Suen, opgeschlësselt no Typ vun Indemnitéit si bis haut net un d’Pompjeeën ausbezuelt ginn an aus wéi engem Grond net?
  2. Wéi vill Euro/Stonn hunn d’Benevole beim CGDIS zegutt, 
    • déi Bereetschaftsdéngscht (Status 2) maachen?
    • déi Kasärendéngscht maachen?
  3. Existéieren, nieft deem vun der Ministesch ugeschwaten interne Reglement, aner Dokumenter, an deenen d’Fräiwelleger vum CGDIS noliese kënnen, wat si als Indemnisatiounen zegutt hunn? Falls net, wär et fir d’Fërdere vun enger gudder interner Kommunikatioun tëschent der Direktioun an de Fräiwellege beim CGDIS net opportun, esou een Informatiounsblat opzestellen?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert