Connect with us

Questions parlementaires

Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

No engem laange Waarden hu mer misste feststellen, dass d’Äntwerten op eis parlamentaresch Fro n°615 zimlech kuerz ausgefall sinn. Dofir hu mir zu verschiddene Punkte vun der Fro nach eng Kéier nogehaakt hunn.

Hei ass eis nei Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°615 hat ech den honorabele Minister Bausch iwwert den Incident vum 23. Februar 2019 um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel“ befrot a wat fir Konsequenzen dësen Incident op d’Sécherheetsmesurë vum Fluchhafe Findel hat.

No méi wéi zwee Méint – also méi Zäit, wéi de Chambersreglement zouléisst – krut ech an enger ganz kuerzer a präziser Äntwert een Deel vu menge Froe beäntwert. E puer vu menge Froen hu leider keng Beuechtung vum Här Minister fonnt, soudass ech him se ënnert anerer Form nach eng Kéier stelle wëll:

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Sinn nom Incident um „Kleine Brogel“ d’Sécherheetsmoossname ronderëm an um Findel verstäerkt ginn?
    • Falls jo, wéi eng Mesuren si getraff ginn a wat war de Käschtepunkt vun dësen?
    • Falls nee, firwat net?
  • Schätzt de Minister, dass deen a senger Äntwert genannten Plan de Sûreté Aéroportuaire duergeet fir Zivilisten dovun ofzehale mat gewéinlechen Handwierksgeschir op de Fluchhafe Findel anzedréngen ?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert