Low Noise Augmentation System

Wéi d’Website airliners.de mellt, gëtt zu Frankfurt aktuell ee Fuerschungsprojet duerchgefouert, deen als Zil huet, de Kaméidi an den Dreifstoffverbrauch vu Fligeren ze reduzéieren. De sougenannten “Low Noise Augmentation System”,  ofgekierzt “LNAS”, reguléiert den Undriff vum Fliger duerch een exakt Virplange vum Of-an Ufluch ënner Matabezéie vu verschiddene Variabelen, wéi zum Beispill Wand– a Wiederconditioun. Doduerch soll de Kaméidi, dee vun engem Fliger ausgeet, op ee Minimum reduzéiert ginn. Och hei am Land si Mënsche vum Fligerkaméidi betraff an d’Regierung huet am Koalitiounsaccord Mesuren ugekënnegt, fir déi Betraffenen z’ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir dem MInister dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis vum LNAS an existéiert vu Regierungssäit aus een Intressi um Projet? 
  2. Gëtt et vu lëtzebuergescher Säit aus Interessi den LNAS an Zukunft och hei zu Lëtzebuerg anzesetzen?
  3. Wéi eng technesch Projekten ginn aktuell zu Lëtzebuerg duerchgefouert fir de Kaméidi, dee vu Fligeren ausgeet, ze reduzéieren?

Nofro zur Besteierung vu Fluchhafenaktivitéiten

Op eis Fro, ob d’Regierung Wëlles huet Kerosin ze besteieren, krute mir nawell e puer Äntwerten. Mir wollten awer nach weider Detailer zu der Regierung hirer Strategie fir de Findel kréien. Hei ass eis Nofro.

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit, Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung & Wirtschaft weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°780 huet d’Regierung hir Positioun iwwert d’Besteierung vu Fluchreesen erkläert, ouni sech dobäi op eng konkret Mesure festzeleeën. D’Regierung verweist op d’Siche vun enger europäescher Solutioun.

D’Regierung erkläert weiderhin “datt d’Externalitéiten vun de verschiddenen Transportmëttele solle korrekt berücksichtegt ginn a sech an dem entspriechende Präis erëmspigelen.” Domat beäntwert si mir awer net meng Fro, ob si aschätzt, dass potenziell Ëmweltmesüren an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger net beanträchtege wäerten?

Des Weideren ass d’Regierung och net op d’Opportunitéit vun enger Impaktetüd vun enger Kerosinsteier fir de Findel agaangen.

Um leschte Punkt vu menger Fro verweist d’Regierung op eng europäesch Steier fir de Fluchverkéier anzedämmen, mee ëmgeet domadder meng Fro zu de Passagéierzuelen um Findel.

Et bleiwen also nach gewëssen Onkloerheeten, ob d’Regierung fir déi nächst Joren ee konkrete Plang fir de Findel virweise kann.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Aus menger leschter Fro: Wéi steet d’Regierung zu der Ausso, dass potenziell Ëmweltmesüren an der Fluchindustrie an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger verschlechtere wäert? Anescht formuléiert: ass d’Regierung bereet Ëmweltmoossnamen, och an der EU, ze ënnerstëtzen, wëssend, dass eng Steigerung vun de Fluchpräisser de Passagéier mat klengem Portmonni benodeelegt?
  2. Bezitt sech d’Tarifikatioun, déi d’Regierung am éischte Punkt vun hirer Äntwert ernimmt, och op de Cargoberäich?
  3. Vu, dass d’Regierung aktuell nach keng eegen Impaktetüd vu verschiddenen Zeenarie fir de Findel erstallt huet, wär et net opportun an nächster Zäit esou Analysen an Opdro ze ginn fir preparéiert un d’Saachen unzegoen?
  4. D’Regierung schreift an hirer viregter Äntwert vun engem exterme Wuesstum vum Flugverkéier. 
    • Ab wéi enger Quantitéit definéiert sech ee Wuesstem als “extrem”?
    • Consideréiert d’Regierung de Wuesstem um Findel als extrem?
  5. Wéi wichteg ass de Fluchhafe Findel fir d’lëtzebuergesch Wirtschaft? 
    • Wéi vill Aarbechtsplazen (direkt an indirekt) si mat den Aktivitéite vum Fluchhafen verbonnen?
    • Wéi vill Steierrecettë generéiert de Staat all Joer duerch d’Aktivitéiten vum Fluchhafen?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Député

Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

No engem laange Waarden hu mer misste feststellen, dass d’Äntwerten op eis parlamentaresch Fro n°615 zimlech kuerz ausgefall sinn. Dofir hu mir zu verschiddene Punkte vun der Fro nach eng Kéier nogehaakt hunn.

Hei ass eis nei Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°615 hat ech den honorabele Minister Bausch iwwert den Incident vum 23. Februar 2019 um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel” befrot a wat fir Konsequenzen dësen Incident op d’Sécherheetsmesurë vum Fluchhafe Findel hat.

No méi wéi zwee Méint – also méi Zäit, wéi de Chambersreglement zouléisst – krut ech an enger ganz kuerzer a präziser Äntwert een Deel vu menge Froe beäntwert. E puer vu menge Froen hu leider keng Beuechtung vum Här Minister fonnt, soudass ech him se ënnert anerer Form nach eng Kéier stelle wëll:

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Sinn nom Incident um “Kleine Brogel” d’Sécherheetsmoossname ronderëm an um Findel verstäerkt ginn?
    • Falls jo, wéi eng Mesuren si getraff ginn a wat war de Käschtepunkt vun dësen?
    • Falls nee, firwat net?
  • Schätzt de Minister, dass deen a senger Äntwert genannten Plan de Sûreté Aéroportuaire duergeet fir Zivilisten dovun ofzehale mat gewéinlechen Handwierksgeschir op de Fluchhafe Findel anzedréngen ?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député